Kepler-186
Stärebild: Cygnus (Cyg)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 19h 54m 36.651s
Deklinatioun + 43° 57’ 18.06"[1]
visuell Magnitude ?
Spektralklass: M[2]
Zuel vun Exoplanéiten 5[2]
Astrometrie
Parallax
Distanz 492 ± 59 Lj[2]
Absolut Hellegkeet - mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0.54 M☉[3]
Radius: 0.524 ± 0.038 R☉[4]
Liichtkraaft: - L☉
Uewerflächentemperatur 4048 ± 256 K[4]
Metallizitéit: -0.21 ± 0.10[4]
Aner Bezeechnungen
KOI -571
KIC 8120608
2MASS J19543665+4357180

De Kepler-186 ass e rouden Zwerg vun der Spektralklass M am Stärebild Cygnus. Ëm de Stär kreese fënnef Planéiten, dorënner de Kepler-186f,[5] en Exoplanéit, deen an der habitabeler Zon läit. De Stär ass zirka 500 Liichtjoer vun der Äerd ewech.

De Kepler-186 ass ongeféier hallef sou grouss wéi eis Sonn an huet bal d'Hallschent vun hirer Mass. Déi aner véier Planéite vum System hunn all manner wéi d'Hallschent vun der Äerdmass: Kepler-186b, Kepler-186c, Kepler-186d a Kepler-186e hunn en Orbit vu 4, 7, 13 an 22 Deeg a gëlle bis elo als ze waarm fir vergläichbart ierdescht Liewen.[6]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. SIMBAD-Datenbank
  2. 2,0 2,1 2,2 Elisa V. Quintana, Thomas Barclay, Sean N. Raymond, et al.: An Earth-Sized Planet in the Habitable Zone of a Cool Star. Science, 344 (2014), 277
  3. Enzyklopädie der Exoplaneten
  4. 4,0 4,1 4,2 Jason F. Rowe, Stephen T. Bryson, Geoffrey W. Marcy et al.: Validation of Kepler's Multiple Planet Candidates. III: Light Curve Analysis & Announcement of Hundreds of New Multi-planet Systems. Astrophysical Journal, im Druck,
  5. nasa.gov: NASA's Kepler Discovers First Earth-Size Planet In The 'Habitable Zone' of Another Star, gekuckt de 17. Abrëll 2014
  6. nasa.gov: Kepler-186 and the Solar System, gekuckt de 17. Abrëll 2014