Kepler-10
Stärebild: Draco (Dra)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 19h 02m 43s
Deklinatioun + 50° 14' 29"
Visuell Magnitude + 11,0 mag
Spektralklass: G
Astrometrie
Radialvitess:
Parallax
Distanz zirka 550 Lj
Absolut Hellegkeet
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,895 ± 0,06 M☉
Radius: 1,056 ± 0,021 R☉
Liichtkraaft:
Uewerflächentemperatur 5627 ± 44 K
Aner Bezeechnungen
2MASS J19024305+5014286
KIC 11904151
KOI 72

De Kepler-10 ass e sonnenänleche Stär vun der Spektralklass G am Stärebild Draco. Hien ass 550 Liichtjoer vun der Äerd ewech. Hie gëtt vun op d'mannst zwéin Exoplanéiten ëmkreest.

Planéitesystem änneren

Fuerscher vum Kepler-Teleskop hunn zwéi Planéite fonnt, déi de Stär ëmkreesen. D'Teleskop konnt dobäi déi reduzéiert Hellegkeet vum Stär moossen, wann d'Planéite vun der Äerd aus gesi virun hirem Stär laanscht gezu sinn.

Dee bannenzege Planéit, Kepler-10b, gouf 2011 entdeckt an ass deen éischte gesécherte, Gestengsplanéit dee baussenzeg vum Sonnesystem fonnt gouf. Hie kreest ëm de Stär mat enger Period vun 20 Stonnen an ass mat dem 1,4-fache vum Äerdradius eppes méi grouss a mat dem 4,5-fache vun der Mass däitlech méi masseraäich wéi d'Äerd.

Dee baussenzege Planéit, Kepler-10c, kreest a 45 Deeg ëm de Stär. Hien huet den 2,2-fachen Äerdradius an déi 17-fach Äerdmass. Domat ass hien de masseräichste Gestengsplanéit, dee bis elo fonnt gouf (Stand: Juni 2014).

Planéit Mass
(an Äerdmassen)
Radius
(in Erdradien)
Dicht
(g/cm3)
Ëmlaf
zäit

(Deeg)
Grouss
Hallefachs

(AE)
Bunnschréi
(Grad)
b 3,33 ± 0,49 1,47 ± 0,03 5,8 ± 0,8 0,8375 0,0168 ± 0,0003 84,4 ± 1,4
c 17,2 ± 1,9 2,35 ± 0,07 7,1 ± 1,0 45,2949 ± 0,0007 0,241 ± 0,005 89,65 ± 0,11

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie