D'Elisabeth vu Pommern (Polnesch: Elżbieta pomorska, Tschechesch: Alžběta (Eliška) Pomořanská), gebuer ëm 1345 a gestuerwen de 14. Februar 1393 zu Hradec Králové, war déi véiert a lescht Fra vum Keeser Karl IV.

Elisabeth vu Pommern
Gebuer 13. November 1347
Gestuerwen 14. Februar 1393
Prag
Famill
Bestuet mat Karel I. vu Lëtzebuerg
Kanner Anne vu Béimen, Sigismund vu Lëtzebuerg, Johann vu Görlitz

Liewen änneren

Et ass net allzevill bekannt iwwer der Elisabeth vu Pommern hiert Liewen. Si war déi eenzeg Duechter vum Herzog Bogislaw V. vu Pommern a senger Fra, der polnescher Prinzessin Elisabeth (polnesch: Elżbieta Kazimierzówna). Hire Bopi vun hirer Mamm hirer Säit war de polnesche Kinnek Kasimir III. de Groussen, vun hirem Papp senger Säit war et den Herzog Wartislaw IV.

De 26. Juli 1358 gouf d'Elisabeth mam Markgrof Otto vu Brandenburg verloobt, fir domat dozou bäizedroen, de Kricher tëscht Pommern a Brandenburg en Enn ze maachen. Well dat net vill gedéngt huet, koum et ni zu engem Bestietnes. Wéi hir Mamm 1361 gestuerwen ass, huet hire Papp d'Elisabeth an hire Brudder Kasimir a Polen op den Haff vun hirem Grousspapp Kasimir III. geschéckt, fir datt se do sollten erzu ginn.[1]

1363 hat de Keeser Karl IV. mam Kasimir III., dem ongrsche Kinnek Ludwig I. an dem dänesche Kinnek Waldemar IV. eng Koalitioun géint sech stoen. Ausserdeem ware seng Relatioune mat sengem Eedem, dem éisträicheschen Herzog Rudolf IV. net déi bescht. Mee dem Karl IV. seng Verhandlunge mam Kasimir III. hate Succès, a sou konnt hien deem seng Enkelin Elisabeth zu senger véierter Fra huelen. Domat konnt de Karl net nëmmen de polnesche Kinnek aus dëser Koalitioun erausléisen, ma d'Elisabeth war och nach Famill mam ongresche Kinnek a mam Waldemar IV. Doriwwer eraus gesouch de Karl IV. laangfristeg d'Optioun, u Pommern an un d'Mark Brandenburg ze kommen, fir esou seng Muecht no Norden hin auszebreeden a souguer méiglecherweis un d'Nofolleg a Polen erunzekommen.[1][2]

De Karl an déi 30 Joer méi Jonk Elisabeth goufen den 21. Mee 1363 zu Krakau bestuet. D'Braut hat eng Dott an Héicht vun 100.000 ongresche Gulden. Den 18. Juni 1363 gouf d'Elisabeth zu Prag zur bémescher Kinnigin gekréint. Am September 1363 krut si d'Stied Hradec Králové, Vysoké Mýto a Chrudim an 1371 och nach Mělník a Kostelec als Leibgedinge iwwerdroen. Den 1. November 1368 huet de Poopst Urban V. s'an der Péiterskierch zu Roum zur Keeserin vum Hellege Réimesche Räich gekréint.

D'Elisabeth hat en eegenen Haffstaat mat enger eegener Kanzlei fir d'Administratioun. Si ass och vill doruechter gereest, souwuel zesumme mat hirem Mann, ë. a. op Roum an 1376 op Oochen, wou dem Karl säi Jong aus dem 3. Bestietnes, de Wenzel, zum Kinnek gekréint gouf, ma och ouni hien, wéi z. B. 1378 aus representative Grënn op Dortmund.[1]

Si war och fir hir Zäit aussergewéinlech grouss - 169 cm, wéi un hirem Sklett nogemooss gouf - a staark: dem Chronist Benesch von Weitmühl no soll si bei engem Banquet Huffeise verbéit a gebrach hunn.

 
De Karl IV. an d'Elisabeth vu Pommern mat zwee Kanner oder Leit vum Haff, um Balkon vun der Marienkirche Mühlhausen.

D'Elisabeth huet hire Mann, deen den 29. November 1378 gestuerwen ass, ëm 15 Joer iwwerlieft. Si huet zu Hradec Králové als Franziskanerterziarin gelieft.[3] Si ass 1393 am Alter vu ronn 47 gestuerwen a gouf nieft hirem Mann am Veitsdom zu Prag begruewen.

Kanner änneren

Mam Karl IV. krut si véier Jongen an zwou Duechteren:

 
der Elisabeth hire Sijel.
  • Anne (1366–1394) – bestuet mam Richard II., Kinnek vun England.
  • Sigismund (1368–1437), réimesch-däitsche Keeser
  • Johann (1370–1396), Herzog vu Görlitz, Markgrof vu Brandenburg – 1388 bestuet mat der Richardis vu Mecklenburg-Schwerin
  • Karl (1372–1373)
  • Margarete (1373–1410) – 1387 bestuet mam Johann III., Buerggrof vun Nürnberg
  • Heinrich (1377–1378)[4]

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Elizabeth of Pomerania – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Gisela Wilbertz: Elisabeth von Pommern- eine Kaiserin im späten Mittelalter, in: Bohemia, Bd. 28 (1987), S. 45–68, hei: S. 45, 47 an 48, op bohemia-online.de.
  2. Dietmar Lucht: Elisabeth von Pommern, op Kulturportal-West-Ost.
  3. Ekkart Sauser: Elisabeth von Pommern, in: Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon (BBKL), Bd. 20 (2002), Sp. 457.
  4. Gerhard Hartmann: Kaiser Karl IV., in: Gerhart Hartmann, Karl Schnith (Hrsg.): Die Kaiser. 1200 Jahre europäische Geschichte, Verlag Styria, 1996, ISBN 3-222-12421-3, S. 430.