De Sigismund vu Lëtzebuerg ((fr)Sigismond de Luxembourg, (de)Sigismund oder Siegmund von Luxemburg), gebuer de 15. Februar 1368 an der Räichsstad Nürnberg a gestuerwen den 9. Dezember 1437 zu Znojmo (Mieren), war dee leschte Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich aus dem Haus Lëtzebuerg. Hien ass als drëtteelste Jong vum Karel I.

Sigismund
Titelen
Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich
Zäit 1433 bis 1437
Virgänger Ruprecht vun der Pfalz
Nofollger Albrecht II.
Biographie
Gebuer 15. Februar 1368 jul.
Räichsstad Nürnberg
Gestuerwen 9. Dezember 1437 jul.
Znojmo
Papp Karel I. vu Lëtzebuerg
Mamm Elisabeth vu Pommern
Geschwëster Anne vu Béimen, Wenzel II. vu Lëtzebuerg, Johann vu Görlitz
De Sigismund op engem Bild vum Albrecht Dürer vu 1513.

Duerch säi Bestietnes 1385 mat der Maria, der Duechter vum Ludwig den I. Kinnek vun Ungarn a Polen, krut hien Ierfuspréch op des zwee Länner a gouf dann och 1387 zum Kinnek vun Ungarn gekréint. An där Zäit sinn d'Ottomanen an Europa agedrongen an hunn 1395 och Ungarn iwwerfall. Fir genuch Suen ze hunn, fir eng Defense géint d'Tierken opzebauen, huet de Sigismund missen Deeler vu sengen Territoirë verpfänden oder souguer verkafen. Trotzdeem huet en 1396 d'Schluecht bei Nikopolis géint de Sultan Beyazid I. verluer. Den 21. Juli 1411, nom Doud vu sengem Koseng Jobst vu Mieren an nom Réckzuch vu sengem Brudder Wenzel II., ass de Sigismund zum däitsche Kinnek gewielt a 1433 zu Roum zum Keeser gekréint ginn.

Eng vu senge wichtegsten Decisioune war et, d'Konstanzer Konzil (14141418) zesummenzeruffen, dat ënner senger Leedung de grousse Kierche-Schisma op en Enn bruecht huet. Virdru gouf et jorelaang an der kathoulescher Kierch gläichzäiteg zwéin an alt bis zu dräi Peepst, déi sech géigesäiteg a Grond a Buedem verdaamt hunn. De Jan Hus, den tschechesche Kierchereformateur, huet och um Konstanzer Konzil deelgeholl, well de Sigismund him versprach hat, him géif näischt ënnerwee geschéien. Wéi den Hus awer refuséiert huet, seng Doktrinnen ze widderruffen, gouf en um Wee hannescht festgeholl an als Ketzer verbrannt. D'Membere vum Konzil waren der Meenung, datt ee vis-à-vis vun engem Ketzer säin Éierewuert net bréicht anzehalen. Doropshi koum et zu bluddegen Opstänn vum Hus sengen Unhänger a Béimen. De Sigismund huet dofir 1420 zum Kräizzuch géint d'Hussiten opgeruff. An den Hussite-Kricher, déi 16 Joer gedauert hunn, konnt de Kinnek sech eréischt 1436 duerchsetzen.

Zäit senges Liewens huet de Sigismund ni e Fouss op Lëtzebuerger Buedem gesat. 1419 ass hie sengem Brudder Wenzel II. säin Nofollger als Herzog vu Lëtzebuerg ginn. Hien huet awer d'Herzogtum Lëtzebuerg duerch Pandhäre verwalte gelooss, dorënner seng Niess Elisabeth vu Görlitz. Dës hu géint eng méi grouss Zomm Suen d'Verwaltung vum Herzogtum iwwerdroe kritt, an hunn am Géigenzuch erausgequëtscht, wat do ze huele war.

Mam Doud vum Sigismund, den 9. Dezember 1437 ass d'Dynastie vun de Limburg-Lëtzebuerger erlosch. Dem Sigismund säin Eedem, den Habsburger Albrecht vun Éisträich, dee mat senger eenzeger Duechter, der Elisabeth, bestuet war, gouf säin Nofollger als Kinnek a Keeser. Bis 1806 sollten Habsburger d'Keeserkoun halen.

Literatur änneren

  • Haag, Emil, 2011. Sigismond *1368 1437, le dernier Luxembourg, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 146-155.

Kuckt och änneren

Virgänger:
Ruprecht I. von der Pfalz
Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich
1433 - 1437
Nofollger:
Albrecht II. vun Éisträich
Virgänger:
Wenzel II.
Herzog vu Lëtzebuerg
1419 - 1437
Nofollger:
Albrecht II. vun Éisträich
Virgänger:
Karel II.
Kinnek vun Ungarn
1387 - 1437
Nofollger:
Albrecht II. vun Éisträich
Virgänger:
Wenzel II.
Kinnek vu Béimen
1419 - 1437
Nofollger:
Albrecht II. vun Éisträich

Um Spaweck änneren

Commons: Sigismund vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien