Exoplanéit Kapteyn b
Stärebild: Pictor (Pic)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 11m 40,6s
Deklinatioun - 45° 01'06"
Visuell Magnitude
Orbitdaten
Zentralstär Stär vum Kapteyn
Grouss Hallefachs ? AE
Exzentrizitéit -
Ëmlafdauer 48,6 Deeg
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser ?
Mass:
Distanz a Liichtjoer 3,9 Lj
Geschicht
Entdecker HARPS
Entdeckungsjoer 2014
Aner Beteechnungen Kapteyn b; HIP 24186 b;
2MASS J05114046-4501051 b;
TYC 8078-01749-1 b;IRAS 05100-4502 b;
WISE J051146.81-450204.5 b;CPD-44 612 b;
SAO 217223 b; GJ 191 b;VZ Pic b;
LHS 29 b; HD 33793 b; CD-45 1841 b

De Kapteyn b ass en Exoplanéit a kreest ëm de Stär vum Kapteyn. Dëse Stär ass e rouden Ënnerzwerg am Stärebild Pictor um südleche Stärenhimmel a läit 13 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech.

Ëmlaf a Mass änneren

De Stär vum Kapteyn, ee vun de sonnennooste Stären, ass nëmme ronn 13 Liichtjoer vun eis ewech. Bis elo goufen zwéin Exoplanéite bei him entdeckt, woubäi de Kapteyn b säi Stär a ronn 48 Deeg ëmkreest. De Kapteyn b beweegt sech an der habitabler Zon, an där et theoreetesch flësseg Waasser kéint ginn.

Entdeckung änneren

Mat der Bedeelegung vun der Universitéit Göttingen huet en internationaalt Team de 4. Juni 2014 d'Entdeckung vun zwéi planetare Begleeder de Kapteyn b an de Kapteyn c bekannt ginn. Den Ansgar Reiners vum Institut für Astrophysik der Universität Göttingen hat zesummefaassend erkläert: „Den éischte Planéit vum Stär, de Kapteyn b, huet eng Ëmlafperiod vun 48 Deeg a kéint flëssegt Waasser hunn. Hien ass op d'mannst fënnefmol sou schwéier wéi eis Äerd.“ De Guillem Anglada-Escudé vun der School of Physics and Astronomy vun der Universitéit London, deen d'Studie geleet hat, huet gemengt, datt „fréier Analysen eng gewësse Variabilitéit gewisen haten“, woufir d'Fuerscherteam „no Planéite mat ganz kuerzen Ëmlafzäite gesicht huet.“ D'Astronomen haten an der Fachzäitschrëft Monthly Notices of the Royal Astronomical Society iwwer hire Fond geschriwwen.

D'Team hat d'Date vum HARPS-Spektrometer vum europäesche Südobservatoire (ESO) an dem Las Campanas-Observatoire am Chile souwéi de Keck-Observatoire op Hawaii benotzt, fir mat der Method vun der Radialvitess d'Ënnergrenze fir d'Masse vun de Planéiten ze bestëmmen.

Aktuell sinn nëmmen d'Ëmlafperiod an d'Distanz vun de Planéiten zu hirem Stär bekannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren