Kabespäipel

Päiperleksaart aus der Famill Pieridae

De Kabespäipel (Pieris brassicae) ass e Päiperlek (Dagpäiperlek) aus der Famill vun de Pieridae.

Kabespäipel
Kabespäipel (Pieris brassicae) ♀

Kabespäipel (Pieris brassicae)
Kabespäipel (Pieris brassicae)
Systematik
Räich: Déiereräich (Animalia)
Stamm: Arthropoden (Arthoropda)
Klass: Insekten (Insecta)
Uerdnung: Päiperleken (Lepidoptera)
Famill: Pieridae
Ënnerfamill: Pierinae
Gattung: Pieris
Wëssenschaftlechen Numm
Pieris brassicae
(Linnaeus, 1758)
Eeër op engem Kabes
Raup
Popp

Op Lëtzebuergesch gëtt e Kabespäipel[1] oder Kabesfrësser[1],[2] genannt, op Däitsch Großer Kohlweißling, op Franséisch Piéride du chou an op Englesch Large white.

De Kabespäipel ass wäit verbreet a kënnt heefeg vir tëscht Nordafrika a Fennoskandinavien.

D'Imagines erreechen eng Spanwäit vun de Flilleke vu 60 Millimeter. D'Ecke vun de viischte Flilleke si schwaarz.

Tëscht Mee a Juni leet d'Weibche ronn 100 Eeër a Kludderen op der ënneschter Säit vun der Wiertsplanzen. No ronn zwou Woche kommen do gielzeg-gréng a schwaarz gefleckte Raupen eraus. Dës erniere sech virun allem vu Kabes (Brassica) an anere Kräizbléiegewächser (Brassicaceae), dohier den Numm vum Déier. D'Raup gëtt Kabesmued, -raup oder -schësser genannt. Wa se no 3 bis 4 Wochen eng Längt vu bis zu 40 Millimeter erreecht hunn, verpoppe se sech. D'Hierschtgeneratioun iwwerwantert als Popp.

Literatur

änneren
  • Tom Tolman, Richard Lewington: Die Tagfalter Europas und Nordwestafrikas, Franckh-Kosmos Verlags-GmbH & Co, Stuttgart 1998, ISBN 3-440-07573-7
  • Hans-Josef Weidemann: Tagfalter: beobachten, bestimmen, Naturbuch-Verlag Augsburg 1995, ISBN 3-89440-115-X

Um Spaweck

änneren
Commons: Pieris brassicae – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
  2. Mestdagh X., L'Hoste L. & Titeux N. (editors) 2024. - Butterflies in Luxembourg: distribution, trends and conservation. Ferrantia 90, Musée national d'histoire naturelle, Luxembourg, 287 p. PDF (en)