De Raville (Famill)
de Raville, resp. von Rollingen ass den Numm vun enger Adelsfamill aus dem Herzogtum Lëtzebuerg. Hir lescht Linn ass 1740 ausgestuerwen.
Dës Famill war eng vun deene wichtegste Famillen an der Neizäit zu Lëtzebuerg. Si koum aus der lëtzebuergescher Exklav Raville, op Däitsch Rollingen. Hir Buerg gouf wärend der Franséischer Revolutioun zerstéiert.
Persounen
ännerenBekannt Membere vun där Famill waren:
- Jacques de Raville, Vizegouverneur vu Lëtzebuerg;
- de Geheime Hofrat Lothar Friedrich von Rollingen, Här vun Dalenbroich a Käerch, Ierfmarschall vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny.[1] Hien huet de Stadioner Hof zu Mainz baue gelooss;
- Heinrich Hartard von Rollingen, Bëschof vu Speyer.
Kuckt och
änneren- Maison de Raville, eng vun hire Residenzen der Stad Lëtzebuerg;
- Rollengergronn, nom Besëtz vun där Famill genannten Toponym, haut Quartier vun der Stad Lëtzebuerg.
Literatur
änneren- André Haagen, Jean-Pierre Koltz, Paul Margue, Raymond Weiller: Maison de Raville - Ein Zeitdokument. Luxemburger Geschichte um ein Renaissance-Haus. Luxemburg: Interpublicité, 1990.