Jacques de Raville

Probst vun Arel

De Jacques de Raville, gebuer 1529 a gestuerwen de 24. Oktober 1601,[1] war en Adlegen am Herzogtum Lëtzebuerg aus der Famill de Raville/von Rollingen.

Jacques de Raville
Gebuer 1529
Gestuerwen 24. Oktober 1601

Hie war Probst vun Arel an an där Funktioun Riichter iwwer 30 Dierfer. Gläichzäiteg war hie Commandant vun der Areler Garnisoun. Hie war och Member vum Conseil Provincial a gouf Ritterriichter, d. h. de President vun den Adlege vum ganzen Herzogtum Lëtzebuerg. 1588 gouf e Vizegouverneur vu Lëtzebuerg a Stellvertrieder vum Péiter Ernest vu Mansfeld.[2]

Ëm 1575 huet hien um Krautmaart an der Stad Lëtzebuerg, vis-à-vis vum Stadhaus (dem haitege Palais) eng Residenz baue gelooss, déi haut nach Maison de Raville heescht (Zougank haut an der rue de la Reine).

Hie war bestuet mat der Katharina von Palant.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Jacques de Raville - Arbre généalogique op geneanet.org.
  2. Marie-Paule Jungblut: "Der Neue Markt, ein Ort des Alltags im in der Mitte des 17. Jahrhunderts." In: ons stad Nr.54, 1997, S.6-9