Waasserbuerg Keel

fréier Buerg zu Keel

D'Waasserbuerg vun den Häre vu Keel louch un der Keelbaach an ass haut verschwonnen. 1980 gouf bei enger Noutgruewung op der Parzell vum Här P. Welter versicht esou vill wéi méiglech driwwer erauszefannen. 1981 huet de Jean Krier an engem Artikel iwwer dës Ausgruewungen geschriwwen[1].

Waasserbuerg Keel
Lag vun der fréierer Waasserbuerg zu Keel
Land Lëtzebuerg
Gemeng Keel
Plaz Keel
Koordinaten 49°42'45,94"N, 6°3'0,68"O
Datum vum Bau 13. Joerhonnert (julianesch)
Ofgerappt oder zerstéiert 16. Joerhonnert

D'Waasserbuerg stoung op der Keelbaach, nordëstlech an net wäit ewech vum haitegen Duerfzentrum.

Bauphasen

änneren
 
Keeler Waasserbuerg

Ee kreesronnen Ecktuerm (Duerchmiesser 5,5 m; Mauerdéckt 1,2 m) gouf ausgegruewen. D'Baussemauere waren 1,5 m déck. An der NO-Mauer gouf eng Paart erëmfonnt, déi 4,4 m breet an 3 m déif war. D'Buerg hat deemno déi selwecht Ausriichtung wéi d'Pëttener Waasserbuerg.

Am Zentrum vun der Buerg war e quadratesche Wunntuerm (10 × 10m) mat enger Mauerdéckt vun 1,8 m. Deen dierft ongeféier 20 m héich gewiescht sinn.

En Ubau (6,5 × 11 m) un dëse Wunntuerm konnt net datéiert ginn.

En Dokument vum Nottär W. H. Ordt aus dem Joer 1702 gëtt en Abléck an d'Ausgesinn vun der ganzer Anlag (Paart, Bréck, Pëtz, Wuechttuerm, Gaart, Kierchepad asw.).

Geschicht vun der Herrschaft

änneren

D'Duerf Keel gouf 1235 fir d'éischt ernimmt. Als Erbauer vun der Buerg gëtt de Simon I. aus dem Zolwer Häregeschlecht (Haus Keel) ugeholl, deen 1278 an 1300 an Urkunden ernimmt gëtt.

Nom Erläsche vum Keeler Geschlecht an der Mëtt vum 14. Jh. goung d'Buerg an de Besëtz (jeeweils eng Hallschent) vun den Häre vu Lampech an den Häre vun Zolwer.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Keel#Vu Grofen a Ritter.

Verschwanne vun der Buerg

änneren

Et gouf laang ugeholl, d'Buerg wier am Drëssegjärege Krich zerstéiert ginn, mee d'Ausgruewungsresultater deiten op eng Zerstéierung schonn am 16. Jh. hin, méiglecherweis am Joer 1552, wéi de franséische Kinnek Henri II. d'Buergen um Gehaansbierg an zu Zolwer zerstéiert huet, an d'Dierfer vun der Ëmgéigend a Brand gesat hat.

Am Iwwergank vum 18. an d'19. Joerhonnert goufen d'Reschter vun der Buerg bis op d'Fundamenter ofgedroen an d'Buerg ass aus dem Bild vun der Uertschaft verschwonnen. D'Steng goufe benotzt fir dermat ze bauen.

Erënnerung

änneren

D'Fundamenter vun der Waasserbuerg goufen 1980 erëmfonnt. Bei den Ausgruewunge goufe Mënzen a Keramik fonnt.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Die Wasserburg der Herren von Kayl. In: Hémecht, 33. Jg., nº Heft 2 (01.04.1981), Ss. 195-214. [Digitised by the National Library of Luxembourg]. Gekuckt de(n) 14.08.2020.