Tony Kellen

lëtzebuergesche Schrëftsteller, Iwwersetzer a Journalist
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Tony Kellen, gebuer als Peter Johann Anton Kellen de 26. Januar 1869 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen am Abrëll 1948, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Iwwersetzer a Journalist.

Tony Kellen
Gebuertsnumm Peter Johann Anton Kellen
Gebuer 26. Januar 1869
Lëtzebuerg
Gestuerwen Abrëll 1948
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Kritiker, Schrëftsteller, Redakter, Iwwersetzer
Famill
Papp Jean-Baptiste Kellen
Geschwëster Paul Kellen

Hien huet no sengem Studium zu Paräis vun 1892 bis 1895 zu Stroossbuerg gelieft wou en an der Redaktioun vun der Zeitung "Elsässer Journal und Niederrheinischer Courrier" geschafft huet. Duerno huet e bis 1917 zu Essen a verschiddene Funktioune geschafft, ë. a. als Redakter vun der kathoulescher "Essener Volkszeitung". Vu Mee 1917 bis zu sengem Doud huet en zu Hohenheim bei Stuttgart gelieft, wou e literaresche Beirat vun der "Franckh'scher Verlagsbuchhandlung" a Matarbechter vum Kosmos-Verlag war.[1]

Hien huet reegelméisseg an däitschen an och a franséischen a lëtzebuergeschen Zäitschrëften an Zeitungen iwwer Lëtzebuerg geschriwwen.[2]

Hie war de Bouf vum Jean-Baptiste Kellen an de Brudder vum Moler Paul Kellen.

Um Spaweck änneren

Commons: Tony Kellen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Ein Beispiel deutschbewußter Heimattreue / Tony Kellen 75 Jahre alt / Seine Verdienste um das kulturelle Leben Luxemburgs Artikel zum 75. Gebuertsdaag am Luxemburger Wort vum 26. Januar 1944
  2. Aimée Schulz: "Der Blick von außen auf Luxemburg. Tony Kellens Beiträge in ausländischen Zeitschriften." bnl.public.lu, 28.10.2021 (nogekuckt 2023-07-08).