Paul Cézanne

franséische Moler

De Paul Cézanne, gebuer den 19. Januar 1839 zu Aix-en-Provence, an do gestuerwen den 22. Oktober 1906 war e franséische Moler.

Paul Cézanne
Gebuer 19. Januar 1839
Aix-en-Provence
Gestuerwen 22. Oktober 1906
Aix-en-Provence
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit Aix-Marseille,
Universitéit Paul-Cézanne
Aktivitéit Moler, Graveur, Zeechner
Eng modern Olympia

Originnen änneren

Säin Numm weist op dat italieenescht Duerf Cesana an der Regioun Piemont an Norditalien. Ëm d'Mëtt vum 17. Joerhonnert hu sech aus der Géigend vu ronderëm Turin en ettlech Leit aus dem Po-Flaachland op de Wee gemaach fir a Frankräich. Zu Briançon, net wäit vun der italieenescher Grenz, hu si sech néiergelooss an hiren Nimm e franséische Cachet ginn, "Césane" oder "Cézanne". Ee vun hinnen, de "Louis Auguste Cézanne" huet eng Huttfabréck gegrënnt an hat domat grousse finanzielle Succès. 1848 sollt e mat engem Bekannten eng Bank iwwerhuelen, déi Faillite gaange war, an domat zu engem räiche Mann ginn.

Aus enger Relatioun baussent sengem Bestietnes entstaamt 1839 de Paul an 1841 dat klengt Marie, mat deenen hirer Mamm sech de Louis Auguste awer eréischt 1844 bestuet huet, nodeem hien d'Kanner unerkannt hat.

Dem Paul Cézanne säi Liewen änneren

De Paul Cézanne huet seng Kandheet zu Aix-en-Provence verbruecht. No e puer Joer an engem Pensionat goung en 1852 an de "Collège Bourbon". De Paul war e fläissege Schüler, mä hie war vu Klengem un e wibbelegt a sturazegt Kand, dat seng Ausgeloossenheet och am Alter ni an de Grëff krut.

Am beschten ass de Paul eens gi mam ee Joer méi jonken Émile Zola, deen op der selwechter Schoul war. Zesumme si se munnech Moler besiche gaangen, déi an der Provence gelieft hunn. Nom Collège geet de Cézanne 1859 a Coursen an der École des Beaux-Arts a senger Heemechtsstad. De Zola war 1858 mat senger Mamm op Paräis geplënnert, nodeem en dem Cézanne gefléift hat, nozekommen. Deen huet awer säin éischt Joer Droit fäerdeg gemaach.

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Paul Cézanne – Biller, Videoen oder Audiodateien