Joseph Helffrich

däitschen Astronom

De Joseph Helffrich, gebuer den 12. Januar 1890 zu Mannheim a gestuerwen de 26. Dezember 1971 zu Mannheim-Neckarau, war en däitschen Astronom, dee wéinst sengen Asteroidenentdeckunge bekannt gouf.

Joseph Helffrich
Gebuer 12. Januar 1890
Mannheim
Gestuerwen 26. Dezember 1971
Neckarau
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Astronom

Hien hat op der Universitéit vun Heidelberg studéiert an hat do 1913 promovéiert a war Mataarbechter vum Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl.

Asteroiden entdeckt: 13
(697) Galilea 14. Februar 1910
(698) Ernestina 5. Mäerz 1910
(699) Hela 5. Juni 1910
(700) Auravictrix 5. Juni 1910
(701) Oriola 12. Juli 1910
(702) Alauda 16. Juli 1910
(706) Hirundo 9. Oktober 1910
(708) Raphaela 3. Februar 1911
(709) Fringilla 3. Februar 1911
(713) Luscinia 18. Abrëll 1911
(714) Ulula 18. Mee 1911
(2056) Nancy 15. Oktober 1909
(3861) Lorenz 30. Mäerz 1910

All d'Asteroide sinn Objete vun der Haaptasteroidenceinture.

No him gouf den Asteroid (2290) Helffrich genannt.

Literatur änneren

  • Joseph Helffrich: Untersuchungen im Sternhaufen h Persei nach Aufnahmen mit dem Waltz-Reflektor der Heidelberger Sternwarte. Braun, Mannheim 1913, 23 S. (Heidelberg, Naturwiss.-math. Diss. v. 17. Nov. 1913)
  • (en) Lutz D. Schmadel: Dictionary of Minor Planet Names. 5th ed. Springer, Berlin 2003, ISBN 3-540-00238-3.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie