Lutz D. Schmadel
De Lutz Dieter Schmadel, gebuer den 2. Juli 1942 zu Berlin, ass en däitschen Astronom deen am Astronomesche Recheninstitut (ARI) vun der Ruprecht-Karls-Universität zu Heidelberg schafft.
Hien ass den Auteur vum Dictionary of Minor Planet Names, e Buch dat hien ausgeschafft huet, nodeem 1988 d'International Astronomesch Unioun eng Etudegrupp op d'Bee gesat hat, fir d'Bedeitung vun den Asteroiden-Nimm z'erfuerschen.
PublikatiounenÄnneren
- Dictionary of Minor Planet Names. Dictionary + Addendum. Prepared on Behalf of Commission 20 Under the Auspices of the International Astronomical Union, 2006, Berlin, Springer, ISBN 978-3-540-36748-2