Léon Metzler (Foussballspiller)

lëtzebuergesche Foussballspiller
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller Léon Metzler. Fir aner Leit mam Numm, kuckt wgl. Léon Metzler.

De Léon Metzler, gebuer de 4. Juni 1896 a gestuerwen den 13. Mäerz 1930 am belsche Kongo, war e lëtzebuergesche Foussballspiller, Olympionik[1] an Dokter[2].

Léon Metzler
Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe bei den olympesche Summerspiller vun 1920. V.l.n.r. Jos Koetz, Robert Elter, Emile Hamilius, Thomas Schmit, Michel Ungeheuer, Arthur Leesch, Léon Metzler, Tiny Langers, Camille Schumacher, Jean Massard
Gebuer 4. Juni 1896
Dikrech
Gestuerwen 13. Mäerz 1930
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Young Boys Dikrech,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpen vertrueden.[3] Dobäi huet hien den 28. August 1920 zu Bréissel säin eenzege Match fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De LéonMetzler op der Websäit vu sports-reference.com
  2. Ukënnegung vum Doud vum Leon Metzler am Tageblatt vum 25. Mäerz 1930
  3. De Léon Metzler op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. Lëscht vun de Lännermatcher vum Léon Metzler op der Websäit vun European Football