Schoulmeeschter a Léierin

(Virugeleet vu(n) Léierin)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Als Schoulmeeschter, respektiv Léierin, gi Männer a Frae bezeechent, déi vu Beruff hier anere Mënschen (an der Haaptsaach Kanner a Jugendlecher) an enger Primärschoul eppes bäibréngen, sief et Wëssen oder Denkmethoden, am Kader vun enger genereller Formatioun oder op e bestëmmt Schoulfach limitéiert.

Schoulmeeschter an der Zentralafrikanescher Republik

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng 5.000 Schoulmeeschteren a Léierinnen (Stand 2020)[1], déi d'Kanner aus den Zyklen 2-4 vun der Grondschoul (also déi fréier Primärschoul) enseignéieren. Si hunn de Statut vu Staatsbeamten.

D'Léierinne ginn och Joffer genannt, nach aus der Zäit wou hinne sou eng Plaz meeschtens nëmmen opstoung ënner der Bedingung, datt se sech net bestueden, an deemno mat der Uried Joffer fir net bestuet Frae bezeechent goufen (no engem Fall deen 1907 an engem aneren deen 1933 diskutéiert gouf, hunn d'Gemenge ganz lues a lues och bestuet Léierinnen op hirer Plaz gelooss). Dacks hate se och d'Bezeechnung vun deem Beräich an deem s'enseignéiert hunn: z. B. d'Bitzjoffer oder an der Spillschoul d'Spilljoffer. Zu Lëtzebuerg am Zyklus 2 bis 4 gëtt et hirer 3-mol méi wéi Schoulmeeschteren.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Classroom teachers and academic staff by education level, programme orientation, sex and age groups. Eurostat. Gekuckt de(n) 22.12.2022.