Chancëgläichheet ass d'Méiglechkeet vu sozial ënnerschiddleche Persounen déi selwecht Chancen a Rechter am Liewen ze hunn a mat dem selwechten Effort déi selwecht Ziler kënnen z'erreechen. An de Beméiungen ëm d'Chancëgläichheet sollen d'Chancë vun enger méi schlecht gestallter Persoun un déi vun der méi favoriséierter Persoun ugepasst ginn. Dozou gehéiert besonnesch d'Verbuet vun der Diskriminéierung, zum Beispill wéinst dem Alter, dem Geschlecht, der Relioun, der sozialer Hierkonft, der kultureller Zougehéieregkeet, der sexueller Orientatioun oder enger Behënnerung.

Zu Lëtzebuerg gëtt et och e Ministère fir Chancëgläichheet, dee sech haaptsächlech mat der Chancëgläichheet tëscht Mann a Fra beschäftegt.[1] Ministesch ass zënter 2013 d'Lydia Mutsch.

Referenzen änneren

  1. www.mega.public.lu