Gielen Trikot
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Gielen Trikot (fr. maillot jaune) ass en Trikot deen a verschiddene Vëloscoursse vun deem Coureur gedroe gëtt deen am Generalklassement den Éischten ass. De bekanntste gielen Trikot ass dee vum Tour de France
Fir d'Éischt gouf de gielen Trikot um Tour de France 1919 agefouert, fir et de Spectateure méi liicht ze maache, fir den Éischten am Generalklassement z'identifizéieren.
Déi giel Faarf kënnt dohier, well d'Zeitung L'Auto haut L'Équipe déi den Tour organiséiert huet, op gielem Pabéier gedréckt gouf.
An de Joren duerno sinn um Tour nach Trikoten derbäikomm, wéi de Gréngen, fir de beschte Sprinter, de Wäissen, fir de beschte jonke Profi, an de Biergtrikot fir de beschte Coureur an de Bierger.
Lëtzebuerger am Gielen Trikot um Tour de France
änneren- François Faber, 25 Deeg: Tour de France 1909, 1910, 1911 (1. am Generalklassement; deemools gouf et de Gielen Trikot nach net)
- Nicolas Frantz, 37 Deeg: Tour de France 1927, 1928, 1929
- Arsène Mersch, 1 Dag: Tour de France 1936
- Jean Majerus, 9 Deeg: Tour de France 1937, 1938
- Jang Goldschmit, 3 Deeg: Tour de France 1950
- Bim Diederich, 3 Deeg: Tour de France 1951
- Charly Gaul, 2 Deeg: Tour de France 1958 (respektiv op der 1. Etappe 1959)
- Kim Kirchen, 4 Deeg: Tour de France 2008
- Fränk Schleck, 2 Deeg: Tour de France 2008
- Andy Schleck, 6 Deeg: Tour de France 2010, 1 Dag Tour de France 2011
De gielen Trikot an anere Courssen
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Yellow jersey (Tour de France) – Biller, Videoen oder Audiodateien |