James Gregory (Mathematiker)

Den James Gregory, gebuer am November 1638 zu Drumoak bei Aberdeen a gestuerwen am Oktober 1675 zu Edinburgh war e schottesche Mathematiker an Astronom. Hien hat wiesentlech Resultater vun der Analys virun oder zur selwechter Zäit wéi aner Fuerscher deemools fonnt, hat awer wéineg publizéiert.

James Gregory
Gebuer 1638
Gestuerwen 1675
Edinburgh
Educatioun Universitéit vu Padua
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Erfinder, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller
Member vun Royal Society

Liewen a Wierken änneren

 
Vera circuli et hyperbolae quadratura, 1667

De Paschtoueschjong James Gregory gouf schonn fréi vu senger Mamm a Mathematik a Geometrie ënnerriicht. Hie war an de Marischal College zu Aberdeen gaangen, wou e sech haaptsächlech mat Astronomie an der mathematescher Optik befaasst huet.

No sengem Ofschloss 1657 huet de Gregory e Buch iwwer seng Fuerschungen an der Optik, d'Optica Promota geschriwwen. Dora beschäftegt hie sech mat Lënsen, Reflexioun, Refraktioun, Parallaxen a gebraucht fir d'éischt photometresch Methode fir d'Distanzmiessung. Hien hat virgeschloen, d'Venustransite fir d'Bestëmmung vun der astronomescher Eenheet z'observéieren, e Virschlag, dee spéider vum Edmond Halley ouni d'Bemierkung vun der Prioritéit vum Gregory, iwwerholl gouf. Seng bedeitendst Entwécklung war d'Beschreiwung vun engem Spigelteleskop, dat mat engem sekundäre konkave Spigel dat reflektéiert Liicht vum primäre Parabolspigel duerch e klengt Lach am Primärspigel op den Okular leet. Als Gregory-Teleskop bekannt, gouf déi Bauform bis an d'19. Joerhonnert gebraucht.

Fir säi Buch hat hien 1663 zwar en Editeur zu London fonnt, mä keen Handwierker, deen de Spigel fir säin Teleskop hätt kënnen hierstellen. Dat huet eréischt 10 Joer méi spéit de Robert Hooke fäerdegbruecht.

Vu London aus war de Gregory am Joer 1664 iwwer Paräis op Padua gereest, wou hien an Zesummenaarbecht mam Stefano degli Angeli (16231697) an der Berechnung vu Krees- a Parabelflächen duerch onendlech konvergent Reien schaffen. Do entstoung 1667 d'Buch Vera circuli et hyperbolae quadratura, an deem hie sech mat de Grondlage vun der Differentialrechnung beschäftegt an Geometriae pars universalis (1668), dat den éischte bekannte Beweis fir den Haaptsaz vun der Analys enthält. Am selwechte Wierk hat hien den Ofstand zum Sirius duerch e photometresche Verglach mam Jupiter op 1,25 Liichtjoer ermëttelt, amplaz vum haitege Wäert vun 8.6 LJ.

No senger Heemrees op London 1668 gouf hien zum Fellow vun der Royal Society beruff a krut am selwechte Joer e Léierstull fir Mathematik an der Universitéit St Andrews. Sécher ass, datt hien an deem Summer d'Taylor-Reie vu Sinus a Kosinus souwéi d'Tangens kannt hat. Duerch d'Tangens goufen nei Weeër bei der Berechnung vun der Kreeszuel   opgemaach. Ee Joer méi spéit hat hie sech zu St Andrews mat der Mary Jamesome bestuet. Si haten zesummen zwee Meedercher an ee Jong.

Zu St. Andrews ware weider Leeschtungen nokomm, wéi zum Beispill 1671 déi onofhängeg Entdeckung vun der Taylor-Formel, déi de Brook Taylor selwer eréischt 1715 publizéiert hat. Vill vun dësen Aarbechte fanne sech nëmmen a Bréiwer a bei Kolleegen, well de Gregory no engem Plagiat-Sträit mam Christiaan Huygens nëmme nach wéineg publizéiert hat.

No laange Streidegkeete mat Kolleegen an der Universitéitsleedung zu St. Andrews, déi him zäitweileg souguer de Loun gespaart haten, war de Gregory 1674 dem Ruff op den nei gestëfte Léierstull für Mathematik an der Universitéit Edinburgh nokomm. E Joer no senger Beruffung krut hie bei enger Observatioun vun de Jupitermounde en Infarkt. E puer Deeg méi spéit war hie gestuerwen.

Den James Gregory war de Grousspapp vum John Gregory an de Monni vum Mathematiker David Gregory.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: James Gregory (astronomer and mathematician) – Biller, Videoen oder Audiodateien