D'Royal Society mam ganzen Numm Royal Society of London for the Improvement of Natural Knowledge ass eng brittesch Geléiertegesellschaft fir d'Ënnerstëtzung vun de Wëssenschaften. Et ass déi national Akademie vun de Wëssenschafte vu Groussbritannien.

Gebai vun der Royal Society zu London
Gebai vun der Royal Society zu Edinburgh

D'Royal Society gëtt reegelméisseg verschidden Auszeechnunge fir wëssenschaftlech Aarbechten eraus, ënner anerem d'Hughes-Medail, d'Copley Medail, d'Royal Medail an d'Sylvester Medail.

Auszeechnungen änneren

D'Royal Society vergëtt zéng verschidde Medailen, sechs prizes an néng prize lectureships a jee no Auszeechnung, Medailen am Rhythmus vun engem, zwee oder dräi Joer.

D'Laureate vun de Medailen a prize lectureships gi vum Physical Sciences Awards Committee a vum Biological Sciences Awards Committee bestëmmt. Déi Kommiteeë bestinn aus Memberen („Fellows“) vun der Royal Society.

Englesch Bezeechnung Lëtzebuergesch Bezeechnung Ageriicht Turnus (aktuell) Beräich
Buchanan Medal Buchanan Medail 1897 all zwee Joer (gerued Joren) Medezin
Copley Medal Copley Medail 1731 all Joer all Wëssenschaften
Darwin Medal Darwin Medail 1890 all zwee Joer (gerued Joren) Biologie
Davy Medal Davy Medail 1877 all Joer Chimie
Gabor Medal Gabor Medail 1989 all zwee Joer (ongerued Joren) Geneetik a Molekularbiologie
Hughes Medal Hughes Medail 1902 all Joer Physik
King Charles II Medal 1997 onreegelméisseg fir Staatsmänner, déi d'Fuerschung ënnerstëtzen
Leverhulme Medal Leverhulme Medail 1960 all dräi Joer Chimie an Chemiesingenieurswiesen
Royal Medal Royal Medail 1826 all Joer, dräi Medailen zweemol Naturwëssenschaften, eemol ugewannte Wëssenschaften
Rumford Medal Rumford Präis 1800 all zwee Joer (gerued Joren) Thermesch an optesch Materialeegeschaften
Sylvester Medal Sylvester Medail 1901 all dräi Joer Mathematik

Presidente vun der Royal Society änneren

Eng Lëscht mat de wichtegste Presidente vun der Royal Society:

Um Spaweck änneren

Commons: Royal Society – Biller, Videoen oder Audiodateien