Puerto Rico
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Puerto Rico gehéiert zu den US-Commonwealth Territories. Et huet de politesche Status vun engem Self Governing Incorporated Territory. Et ass en Inselstaat an der Karibik, dee mat den USA associéiert ass.
D'Land besteet aus der Insel Puerto Rico (Insel) an de klengen Nieweninselen Vieques, Culebra, Culebrita, Desecheo, Palomino, Mona, Caja de Muertos a Monito. Geographesch gehéiert Puerto Rico zu de Groussen Antillen.
NummÄnneren
Den Numm Puerto Rico bedeit Räichen Hafen.
AwunnerÄnneren
D'Land huet eng 3,9 Milliounen Awunner, Puertorikaner, déi sech selwer Boricua nennen. Et sinn US-amerikanesch Bierger, déi bei US-Walen awer kee Stëmmrecht hunn.
HaaptstadÄnneren
Haaptstad vu Puerto Rico ass San Juan mat 420.000 Awunner.
RegierungÄnneren
Gouverneur ass zanter dem 2. Januar 2021 de Pedro Pierluisi vum Partido Nuevo Progresista de Puerto Rico, PNP.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Puerto Rico – Biller, Videoen oder Audiodateien |