Sint Eustatius
Insel an der Karibik, Deel vum Karibeschen Holland
Sint Eustatius vun den Awunner dacks just Statia genannt, ass eng Insel am Karibesche Mier. Als eng vun de BES-Inselen (Akronym fir Bonaire, St Eustatius, Saba), gehéiert se zanter dem 10. Oktober 2010 zum Karibeschen Holland an ass eng Besonnesch Gemeng (bijzondere gemeente) bannent dem Kinnekräich Holland.
Sint Eustatius | |
---|---|
Geographie | |
Kontinent | Nord- a Mëttelamerika |
Land | Holland |
Läit an/am | Karibescht Mier |
Gehéiert zu | Karibescht Holland, Inselen ënner dem Wand, Kleng Antillen, Karibik |
Koordinaten | 17°29'N, 62°58'W |
Fläch | 21 km² |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Holland, Hollännesch Antillen, Holland |
Haaptuert | Oranjestad |
Demographie | |
Awunner | 3.293 |
Awunnerdatum | 1. Januar 2023 |
Aner Informatiounen | |
Zäitzon | Atlantic Standard Time Zone |
Wärung | US-Dollar |
Internat. Telefonsprefix | +5993 |
D'Nopeschinsele sinn am Südoste Saint Kitts, am Norde Saint-Barthélemy a Saint-Martin an am Nordweste Saba. Sint Eustatius gehéiert zu den Inselen iwwer dem Wand.
D'Haaptstad vu Sint Eustatius ass Oranjestad.
Um Spaweck
ännerenCommons: Sint Eustatius – Biller, Videoen oder Audiodateien |