Eisebunnsstreck Vielsalm-Born

Eisebunnsstreck Vielsalm-Born
(Virugeleet vu(n) SNCB-Linn 47A)
SNCB-Linn 47A
Vielsalm-Born
Längt: 23.0 km
Spuerbreet: Normalspuer 1435 mm
Gebaut vun: Preußische Staatseisenbahnen
Opgaangen: Dezember 1917
Zougemaach: Vielsalm - Vielsalm (Sous Bois) 1972
Vielsalm (Sous Bois) - Recht 1940
Recht - Born 1944
Zoustand: ogerappt
Gleiser: Zweegleiseg vun 1918 bis 1931

D'SNCB-Linn 47A och Eisebunnsstreck Vielsalm-Born war eng Militärstreck déi vum däitsche Besatzer an der Zäit vum Éischte Weltkrich gebaut gouf.

D'Streck hat hiren Ufank um Dräieck zu Vielsalm wou se Uschloss un d'Linn 42 hat an huet dann iwwer d'Statioun Vielsalm (Sous Bois), Burtonville, Recht, a Ligneuville op Born gefouert, wou se Uschloss un Vennbunn hat.

Wéinst dem zimmlech groussen Héichtenënnerscheed bei enger Loftlinn vu 15 km, goufen zwou grouss Schleefe gebaut déi déi d'Längt vun der Streck op 23 km eropgeschrauft hunn. Den hiwwelegen Terrain huet et och mat sech bruecht datt zwou grouss Brécken hu misse gebaut ginn, an zwar d'Von Korff-Bréck zu Born (285 m) an d'Bréck vun Hermanmont (260 m) bei Vielsalm.

Von Korff-Bréck zu Born