Den Tunnel vu Liotte ass en Eisebunnstunnel zu Rivage, an der belscher Gemeng Sprimont. Den Tunnel huet eng Längt vun 82 Meter a läit eng ronn 300 Meter vun der Gare vu Rivage ewech. Duerch den Tunnel féiert d'Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy. Den Tunnel grad wéi d'Gare vu Liotte hunn den Numm vum Uertsdeel Liotte um Uwänner vun der Amblève.

Tunnel vu Liotte (Linn 42) a riets d'Bréck iwwer d'Amblève (Linn 43)

Den Tunnel gouf den 20. Januar 1885 an Déngscht geholl. Seng gutt erhalen original Tunnelportaler aus Hasteng si mat déi eelst op der Linn 42.

Um Spaweck änneren