Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Hiewan ass eng Beruffsbezeechnung aus dem Gesondheetsberäich fir (meeschtens) Fraen, déi aner Frae wärend hirer Schwangerschaft, dem Accouchement an och dono betreien.

Informatiounspanneau iwwer d'Hiewanskonscht

Si maachen dat hautdesdaags an enker Zesummenaarbecht mam Gynekolog an dem Hausdokter vun der Fra, queesch duerch déi verschidde Fleeg-Etappe vun der Schwangerschaft an dono. Hir Funktioune sinn am Beräich vun der Physiologie festgeluecht, d.h. dem normalen Oflaf vun der Schwangerschaft an dem Accouchement.

De Beruff gëtt et schonn zanter der Antiquitéit. Haut mussen Hiewanen eng speziell Ausbildung hunn, déi an all Land festgeluecht ass.

Zanter dem 29. Juli 2019 gehéiert d'Hiewanskonscht zum nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg. De 6. Dezember 2023 gouf d'Hiewanskonscht och an d'UNESCO-Repräsentativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet ageschriwwen.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Hiewanen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • D'Hiewanskonscht op iki.lu, der Websäit vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg (gekuckt de 17. Abrëll 2022)

Referenzen änneren

  1. Jean-Philippe Schmit, Zwischen Wissenschaft und Tradition, Mehr als nur Geburtshelferinnen, Die Hebammenkunst steht seit Kurzem auf der Unesco-Liste des immateriellen Erbes der Menschheit. Zwei Hebammen erzählen von ihrem Beruf.. wort.lu [€], Luxemburger Wort, 4.3.2024, S.12-13 (4.3.2024). Gekuckt de(n) 6.3.2024.