Haupeschbléiser

Musikant deen dat franséischt Juegdhar bléist

En Haupeschbléiser ass e Musikant deen dat franséischt Juegdhar bléist.

Haupeschbléiser an der Stad Lëtzebuerg (2021)

Geschicht änneren

D'musikalesch Konscht vun den Haupeschbléiser, dat franséischt Juegdhar ze blosen, ass am 18. Joerhonnert um franséische Kinnekshaff entstanen. Zënterhier ass dës Konscht och an eise Géigenden zu enger lieweger Traditioun ginn, exemplaresch festgehalen an der monumentaler allegorescher Duerstellung vum Lëtzebuerger Land vum Julien Lefèvre (Hotel Alfa, ëm 1930, als nationaalt Monument klasséiert). Haut komme Männer a Frae vu verschiddenen Nationalitéiten an aus allen Alterskategorien a soziale Schichten an hirer Fräizäit zesummen, fir dëst Kulturierwe weiderliewen ze loossen.

Dës Musikante ginn zu Lëtzebuerg „Haupeschbléiser” genannt, nom Numm vun hirem Patréiner, dem hellegen Haupert. Hiert sougenannt natierlecht Instrument gëtt ouni iergendeng Mechanik eleng mat spezifeschen Otemtechniken an ënner groussem Kierperasaz vun de Bléiser gespillt, am léifsten an der fräier Natur, wou sech säin archaesche Klang am beschten entfale kann. Donieft ass och de Gesank e wichtegt Element vun der Iwwermëttlung vun dëser Konscht. Beim Spillen ouni Partitur dréien d'Bléiser, an traditioneller Tenue gekleet, dem Publikum de Réck zou, sou datt d'Leit d'Musek am beschte matkréien. D'Gesellegkeet ënnertenaner, d'Zesummespille mat Bléiser aus anere Länner, d'Verbonnenheet mat der Natur an d'Deele mat anere Leit, iwwer d'Grenzen ewech, maachen dat Besonnescht vun dëser Traditioun aus.

Niewent dem klasseschen internationale Repertoire fir hiert Instrument spillen a komponéieren d'Haupeschbléiser och nei Fanfare mat spezifeschem Bezuch op Lëtzebuerg. D'Haupeschbléiser huelen aktiv um kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg deel a sinn an der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) souwéi an der Fédération des trompes du Bénélux (FTB) wéi och an der Fédération internationale des trompes de France (FITF) federéiert.

D'Konscht, fir dat franséischt Juegdhar ze blosen, ass den 28. November 2018 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl ginn. Den 29. Mäerz 2019 huet Lëtzebuerg zesumme mat Frankräich, der Belsch an Italien bei der UNESCO eng Kandidatur agereecht, fir dës musikalesch Konscht op d'Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet opzehuelen. De 17. November 2020 huet d'UNESCO d'Haupeschbléiser op hir Lëscht vun den immaterielle Kulturgidder gesat[1],[2].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Haupeschbléiser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. "Haupeschbléiser" sind immaterielles Kulturerbe der Unesco. Wort.lu (2020-12-17). Gekuckt de(n) 2020-12-18. an Mehr als einfache Jagdsignale, Die Kunst des "Trompe de chasse"-Blasens ist in die Liste des des immateriellen Unesco-Welterbes aufgenommen worden, Luxemburger Wort, 18. Dezember 2020, S. 21
  2. (en) D'Haupeschbléiser um Site um ich.unesco.org

Quell vum Artikel wou net anescht uginn: D'Konscht vun den Haupeschbléiser op iki.lu, der Websäit vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg (gekuckt de 17. Dezember 2020)