Kierch Ierpeldeng (Ettelbréck)

D'Kierch zu Ierpeldeng bei Ettelbréck ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ierpeldeng gehéiert.

Kierch vun Ierpeldeng
Parkierch vun Ierpeldeng (2014)

Parkierch vun Ierpeldeng (2014)
Parkierch vun Ierpeldeng (2014)
Uertschaft / Plaz Ierpeldeng
Par Dikrich Le Bon Pasteur
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Bekéierung vum Paulus
Baujoer 1882
Koordinaten 49° 51’ 43.3’’ N
      06° 06’ 47.9’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Paulus, deem säi Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

Se steet op der Haaptstrooss Porte des Ardennes, der N27.

Geschicht änneren

Am Joer 1840 gouf de Paschtouer Joseph Kalbersch Coproprietär vum Ierpeldenger Schlass an huet do bis zu sengem Doud 1858 gewunnt. Hien huet am Park vum Schlass eng Kapell baue gelooss, déi awer eréischt no sengem Doud am Joer 1859 geweit gouf. Et war déi éischt Parkierch vun Ierpeldeng. Wéi d'Schlass verkaaft gouf ass d'Kapell 1881 nees ofgerappt ginn. Als Entschiedegung huet den neie Proprietär vum Schlass, déi hollännesch Famill Keun, 1882 déi haiteg Kierch baue gelooss (Datum 1882 iwwer dem Portal).

D'Uergel déi 2009 ageweit gouf, ass vun der Uergelmanufaktur Eisenbarth.

Klacken änneren

D'Kierch vun Ierpeldeng krut an den 1950er Jore véier nei Klacken. Se lauden an der Dispositioun a', c", d", e".

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Ierpeldeng (Ettelbréck) – Biller, Videoen oder Audiodateien