La Luxembourgeoise ("lalux"[1]) ass eng lëtzebuergesch Versécherungsgesellschaft.

Si war 1920 déi éischt Lëtzebuerger Versécherungsgesellschaft am Grand-Duché, wou awer schonn auslännesch Kompanien aktiv waren. Si ass op Initiativ vum fréiere Regierungspresident Hubert Loutsch, deen éischte President gouf, an de Ministeren Edmond Reiffers, Guillaume Soisson a Jean-Baptiste Sax zesumme mat enger Rei Deputéierten a Buergermeeschteren aus dem ländleche Raum, zemools aus der Géigend ëm Riedgen, gegrënnt ginn, dorënner och de spéidere Minister Aloyse Hentgen.[2]

Bis 1969 hat d'Luxembourgeoise och Bank-Aktivitéiten, bis dat fir Versécherunge per Gesetz verbuede gouf.

An den 1970er Joren ass d'Versécherungsgesellschaft duerch eng schwiereg Zäit gaangen an huet Verloschter gemaach. Dat huet sech ënner anerem doduerch erkläert, datt d'Regierung, fir géint d'Inflatioun virzegoen, de Versécherungsgesellschafte keng Erhéijung vun hire Primen erlaabt huet.[2]

D'La Luxembourgeoise besteet zanter 1989 u sech aus zwou verschiddene Gesellschaften: La Luxembourgeoise Société Anonyme d'Assurances, déi d'Net-Liewensversécherungsgeschäft mécht, a La Luxembourgeoise-Vie Société Anonyme d'Assurances, déi d'Liewensversécherungsgeschäft vun der Luxembourgeoise an der Caisse d'assurance vun der Spuerkeess iwwerholl huet. Am alldeegleche Gebrauch gëtt kaum en Ënnerscheed tëscht deenen zwou Versécherungsgesellschafte gemaach, mä einfach vun der Luxembourgeoise geschwat.

Zanter 1989 ass d'Spuerkeess zu 40 Prozent Aktionär an deenen zwou Gesellschaften. Déi aner 60 Prozent ginn nach ëmmer vun der Compagnie financière La Luxembourgeoise gehalen.

Et geet een dovun aus, datt d'Luxembourgeoise d'Nummer 1 um Lëtzebuerger Maart fir Liewensversécherungen ass an d'Nummer 2, hanner dem Foyer, an deenen anere Versécherungen. Global ass d'Luxembourgeoise Nummer 2 hanner dem Foyer a virun AXA.

Am Oktober 2011 huet d'Gesellschaft hire Logo an hir Mark op "LaLux" verkierzt. Zanterhier ass de Sëtz vun der Gesellschaft vum Boulevard Royal an der Stad Lëtzebuerg op Leideleng verluecht ginn.

La Luxembourgeoise Société Anonyme d'Assurances huet 2012 210,5 Milliounen Euro Primmen akasséiert an e Benefice vun 10,8 Milliounen Euro gemaach. 287 Leit hu fir d'Gesellschaft geschafft.

La Luxembourgeoise-Vie Société Anonyme d'Assurances huet 2006 118,4 Milliounen Euro Primmen akasséiert an e Benefice vu 7,3 Milliounen Euro gemaach. 44 Leit hu fir d'Gesellschaft geschafft.

D'Luxembourgeoise schafft haaptsächlech mat Agenten, souwuel Haaptberuffleche wéi och iwwer dausend Nieweberufflechen.

De Pit Hentgen ass zanter 1998 Generaldirekter, als Successeur vum Gabriel Deibener, an zanter 2002 och President, als Successeur vu sengem Papp Robert Hentgen.

Presidente vun der La Luxembourgeoise änneren

Referenzen änneren

  1. Vertrauen in die Zukunft) Lëtzebuerger Journal, 16.11.2011
  2. 2,0 2,1 Le Quotidien: "Fiers d'être restés une entreprise familiale", Interview vun der Geneviève Montaigu mam Pit Hentgen, 7. November 2011, S. 2
  3. Neiwisen, Leudelange, La Luxembourgeoise, 2011, S. 21.