Heterosexualitéit setzt sech aus zwéi Begrëffer aus dem Griicheschen a Laténgeschen zesummen: hetero (friem, anescht, veschidden) sexus (Sexualitéit, Sex, Geschlecht) an ass d'Bezeechnung fir eng vun esëllechen, wann och statistesch déi heefegst sexuell Orientéierung vum Mënsch.

E vun de Symboler fir Heterosexualitéit

Heterosexuell sinn, heescht, seng eege sexuell Orientéierung a seng libidinéis Intressien op dat konträert, heteromorpht Geschlecht auszeriichten. Déi sexuell Orientéierung ass déi heefegst a gëtt weltwäit statistesch vun zirka 94-96 Prozent vun de Mënsche gelieft. De Prozentsaz gëtt awer zanter zirka 20 Joer méi relativ bewäert, well duerch d'allgemeng Liberaliséierung vun der Sexualitéit ëmmer méi Mënsche sech trauen, hir Tendenz zu enger anerer Richtung zouginn, a sech z. B. zu der Homosexualitéit, oder der Transsexualitéit bekennen.

Duerch seng grouss Verbreedung gëllt d'Heterosexualitéit als normal, well dëse geschlechtlechte Gefillsspektrum an dat relatiivt Rolleverhalen dem sexuelle Verhale vun der Majoritéit vun de Mënschen entsprécht a quasi d'Norm duerstellt. Norm ass an dësem Zesummenhank als wäertfräi Kategorie ze verstoen an net als Qualitéitspredikat z'interpretéieren: z. B.: "normal ass richteg, resp. natierlech" an/oder "anormal ass falsch, resp. onnatierlech", och wann dee Standpunkt vu verschidde Reliounen a reliésen Institutiounen an hire moralesch-eetheschen, mä net normative Prescriptiounen dacks sou duergestallt gëtt.

D'Heterosexualitéit gëtt an de meeschte Kulturen als sexuell Identitéit erzéieresch ënnerstëtzt a jee no politesch-sakralem Regime deelweis souguer per Dekreet gefuerdert, ënner anerem, well d'Heterosexualitéit an der Mënschheetsgeschicht traditionell als Prokreatiounsmethod verankert ass an d'Weiderexistenz vun der Mënschheet garantéiert. Datt d'Heterosexualitéit awer zanter jeehier net déi eenzeg sexuell gelieften Identitéit as, léiert eis d'soziologesch Mënschheetsgeschicht an hir spezifesch kulturell bedéngt Traditiounen, Riten a pseudo-reliéis Praktiken.

A bestëmmten isoléierte Liewenssituatiounen an entspriechende -bedéngungen, an deenen d'heterosexuellt Erliewe vun der Libido net méiglech ass, kënne sech Impulser a Besoine manifestéieren, déi beispillsweis an der Homosexualitéit, an enger Variant vum Narzissmus oder a pathologesche Paraphilien (mat Kanner, Déieren oder Géigestänn) en Ersatz fannen.

Déi Ersatzpraktike sinn, wann et sech nëmmen ëm zäitbedéngten Isolatioune vum heteromorphe Geschlecht handelt, (Prisongsopenthalt, Aarbechtskolonie, Militärzäit, Internatsliewen), an der Reegel net dauerhaft an déi betraffe Persoune fannen ënner normalen Ëmstänn erëm zu hirer ursrpénglecher Identitéit zeréck. An dauerhaften Isolatioune vum konträre Geschlecht (Kléischter, laang Prisongsopenthalter, Eremitagen...) ka sech jee no mentaler Stabilitéit an/oder Hygiene déi eng oder aner definitiv Alternatividentitéit oder Deviatioun entwéckelen. Déi Quasi-Zwangsleefegkeet ass op de Geschlechtsdriff zeréckzeféieren, deen a jiddwerengem Mënsch aktiv ass, an nëmmen duerch konträr-natierlech Ënnerdréckung oder sougenannte spirituell Methoden deelsweis neutraliséiert ka ginn.

D'Erkenne vun der eegener Sexualitéit ass net de facto altersbedéngt (manifestéiert sech z. B. net onbedéngt an ëmmer wärend der Pubertéit) an hänkt vu ville Facteuren of: vum erzéiereschen, sozialen a kulturellen Ëmfeld, vu moralesch an eethesch bedéngten Aflëss oder ugeléierten Usiichten a konditionéierte Markéierungen.

Nieft der Heterosexualitéit als Identitéit gëtt et nach d'Homosexualitéit, d'Transsexualitéit a verschidde Paraphilien, alleguer souwuel bei de Frae wéi och bei de Männer. Ausser der Rei gëtt et nach d'Intersexualitéit, déi u sech am Prinzip déi zwee (physesch a psychesch) Geschlechter a sech vereent.

Quellen änneren

  • Zetkin - Wörterbuch der Medizin - DTV
  • Pschyrembel - Klinisches Wörterbuch - W de G
  • Sigmund Freud - u.a. Sexualleben/Studienausgabe Bd V - S. Fischer
  • John P.J. Pinel/Paul Pauli - Biopsychologie - Pearson Studium


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter