Masturbatioun (lat.) oder Onanie (Onanie gëtt op de bibleschen Onan zeréckgefouert (Gen 38, 8-10)) ginn als Begrëffer fir d'sexuell Eegebefridegung bei Fra a Mann gebraucht, mä och, wann eng zweet Persoun d'Roll vum Masturbéierenden iwwerhëlt oder bei der Stimuléierung hëlleft.

Bei der Masturbatioun gëtt dat baussenzegt Sexualorgan (de Vagin oder de Penis) meeschtens manuell oder jee no Gusto och mat handelsübleche Géigestänn (Dildo, Vakuumpompel an e sëllegen aner Artikelen) stimuléiert bis et zu der Ejakulatioun, resp. dem Orgasmus kënnt.

klassesch geformten Dildo

Praxis

D'Frae kënnen dat mat der Hand, engem oder e puer Fangere machen, andeems se d'Schimtlëpsen a gläichzäiteg de Gäipmännche stimuléieren oder durch Penetratioun vum Vagin mat engem oder puer Fangere den normale Geschlechtsakt simuléieren. Bei der Penetratioun kënnen och déi schonn ernimmten an och aner formgerecht Géigestänn benotzt ginn.

 
Masturbatioun bei engem Mann

D'Männer kënnen dat och mat der Hand oder e puer Fangere machen, andeems se de Penis ëmfaassen an a rhytmeschen, mä mat individuell verschiddener Vitess d'Baussenhaut bis iwwer d'Eechel zéien an erëm zeréck bis un d'Peniswuerzel féieren. Wéi bei der Fra gëtt et och beim Mann verschidden Technike fir zu enger Ejakulatioun, resp. engem Orgasmus ze kommen.

Bei der Masturbatioun spillen d'Phantasie an d'Visualiséirung vun erregenden Zeenen a Biller eng grouss Roll. Eng Alternativ ass, sech selwer op fotografesch oder gezeechent Stimulatiounsvirlagen oder beim Kucke vun engem eroteschen oder pornographesche Film ze befridegen. An alle sexuellen Identitéitsgruppen ass déi puerweis gemeinsam oder géigesäiteg Masturbatioun eng beléifte Praxis, well sech beim Beobachte vum Partner d'Stimulatioun erhéicht an eng gewësse Verbonnenheet entsteet. Des Weidere gëtt d'manuell Stimulatioun och als Virspill fir de Koitus ugewannt. Bei der eegener an der gemeinsamer/géigesäiteger Befridegung spillt d'Stimulatioun vun de sougenannten erogenen Zonen och eng Roll, ënner aneren d'Brëscht vun der Fra, d'Säitepartie vum Kierper, dem Mann seng Hoden, den Hënner, d'Zon tëscht de Been, d'Féiss (besonnesch bei Fetischisten) an den Anus. Bei enkem Kierperkontakt kann d'Kësse mat abezu ginn.

Als Masturbatioun kann och d'géigesäiteg oder d'eesäiteg oral Befridegung (Fellatio) ugesi ginn. Hei iwwerhuelen de Mond (Lëpsen) an d'Zong d'Aarbecht vun den Hänn an de Fangeren. Zousätzlech kënnen d'Hänn bei der Stimulatioun agesat ginn.

Autofellatio (Nekrotamie) bezeechent déi eege Befridegung mam Mond an ass nëmme rar méiglech, well een dofir entweeder en immens gelenkege Kierper muss hunn (bei Fra a Mann) oder awer (beim Mann) e méi oder wéineger aussergewéinlech laange Penis.

Gesondheetlechen Aspekt

D'Masturbatioun u sech ass - am Géigesaz zu villen iwwerliwwerte Meenungen - weeder onnatierlech nach ongesond. "Warnungen", déi d'Elteren hire Kanner fréier (hoffentlech net méi haut) un d'Häerz geluecht hunn, wéi déi, datt ee blann géif ginn, wann een ze vill géif wichsen, oder datt ee sech domat d'Kraaft aus dem Gehier zéie géif asw., sinn op Angscht zeréckzeféieren, déi d'Elteren an deenen hir Elteren duerch e Manktem un Opklärung, duerch eng schäinhelleg Moral a eng geziilt Desinformatioun ë. a. duerch de Klerus agebléit kruten. Sou Warnungen, wa se mat Autoritéit an ëmmer erëm widderholl ginn, kënne vun de Kanner och gegleeft ginn an herno, beim Sex, séilesch a sexuell Konsequenzen no sech zéien.

An der Kandszäit (e klenge Prozentsaz masturbéiert schonn am Kandsalter) ass d'Masturbatioun e Bestanddeel vun der narzisstescher Phas an an der Pubertéit (wou déi meescht Jongen domat ufänken) d'Erfarung vum éischte bewosste sexuelle Genoss. D'Meedercher fänke statistesch gesinn e besse méi spéit u wéi d'Jongen, mä dat ass keng Reegel. Nom éischten, bewossten (an erwënschte) sexuelle Kontakt mat engem Partner verléiert d'Masturbatioun e bëssen u Kredit, bis se als gemeinsaamt Libesspill an enger Koppel (oder eleng) erëm nei entdeckt gëtt.

D'Masturbatioun gëtt net nëmme vu jonke Leit praktizéiert, si begleet de Mënsch am gesonden Normalfall praktesch säi Liewe laang, als Ersatz fir eng feelend sexuell Bezéiung, als Ergänzung an enger Bezéiung, als eenzeg Méiglechkeet fir sech sexuell vum natierleche libidinéisen Drock z'entlaaschten (a Prisongen, Kléischter, Erzéiungsanstalten, Internaten, bei längeren isoléierten Openthalten, beim Fuddele wärend dem Zölibat asw.).

Gesondheetlech gëllt och, datt duerch eng méi oder manner reegelméisseg, mä kengesfalls exzessiv Masturbatioun (verbonne mat engem méi oder manner gesonde Liewenswandel), déi allgemeng interaktiv sexuell Aktiounsfäegkeet, d'Fruchtbarkeet an d'Libido méi laang, ënner Ëmstänn bis an den héijen Alter erhale bleiwen. Ausserdeem verhënnert, resp. verzögert d'Masturbatioun (bei feelendem Geschlechtsverkéier) de Prostatakriibs[1].

D'Masturbatioun kann awer och krankhaft Zich kréien, wa se exzessiv (narzisstesch) mat enger kontinuéierlech steigender Frequenz bedriwwe gëtt, wann de Betraffene sexuell net méi anescht zur Ejakulatioun, resp. zum Orgasmus komme kann, wann e keng Kontroll méi iwwer seng Bedierfnesser huet an d'Onanie zwanghaft ausaart,... A sou engem Fall ass dréngend eng Therapie ugesot, op d'mannst awer eng Participatioun an enger Grupp vun d'selwecht geplote Leit, déi sech géigesäiteg stäipen an hëllefen, fir aus där Sakgaass erëm erauszekommen.

Relioun a Kierch

D'Masturbatioun ass zwar an der Bibel direkt keen Theema. De Begrëff Onanie gëtt allerdéngs op de bibleschen Onan zeréckgefouert (Gen 38, 8-10 EU), obschonn hien net wéinst Masturbatioun vum Härgott bestrooft gouf, mä well hien dat jiddescht Gesetz vum Levirat (d'Flicht d'Wittfra vun engem verstuerwene Brudder ze bestueden a fir Kanner ze suergen, déi si am Alter versuergen) net agehalen huet.

Am Juddentum gëtt d'Masturbatioun ofgeleent, well et net richteg ass, "notzlos de Som ze verbëtzen"[2].

All chrëschtlech Kierchen vertrieden d'Moralusiicht, dat^t d'Sexualitéit an d'Bestietnes gehéiert. Fir d'Kathoulesch Kierch erfëllt d'Masturbatioun awer dës Uspréch net[3] a gëtt dofir als "schwéier uerdnungwiddreg Handlung" bezeechent.

Am Islam gëtt d'Masturbatioun och als Sënd verstan. Als Beleeg ginn d'Suren 23, 5-7 a 24, 33 genannt. Aus mosleemescher Siicht hëlleft d'Faaschten dogéint.

Um Spaweck

Commons: Masturbation – Biller, Videoen oder Audiodateien


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter


Referenzen

  1. Douglas Fox: Masturbating may protect against prostate cancer, New Scientist, 2003
  2. Kizzur Schulchan Aruch 151, 1
  3. Katechismus der Katholischen Kirche, 1997, Nr. 2352.