Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Zwitter ass eng vereelzt an haut pejorativ belaascht Bezeechnung fir e Wiesen - am Prinzip och e Mënsch - mat zwee Geschlechter. Haut gi Mënsche mat deem anatomesche Problem Intersexueller, Transsexueller oder och nach Hermaphrodite genannt.

Zweegeschlechtleche Bakchos (Louvre)

An der Mythologie vu bal allen Ethnië gëtt et sougenannte Fabelwiesen déi och eng Form vun Zwittertum duerstellen. Si ginn och nach Chimäre genannt, well se zum Deel béid Geschlechter opzeweisen hunn, wéi z. B. de griicheschen Hermaphroditos, oder Mënsch an Déier zugläich waren, oder deenen hire Phenotyp aus zwee oder méi Déieren, sou z. B. an der griichescher Mythologie d'Kentauren, bestanen huet. An de mythologesche Bestiarië ginn ënner aneren d'Draachen, de Gräif, d'Eenhar an de Pegasus als Chimäre bezeechent.

Doniefd sinn och emol mythologesch Heldefiguren, wéi den iro-kelteschen Cuchullain oder de walisesche Magier Merlin iertemlech als Zwitter bezeechent ginn, well si sech de Legenden no a bestëmmte Situatiounen duerch eng Metamorphos entweeder an e schreckleche Monster (Cuchullain) oder an e Wollef (Merlin) verwandele konnten.


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter


Um Spaweck änneren

Commons: Hermaphroditus – Biller, Videoen oder Audiodateien