Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Sexologie oder Sexuologie ass en interdisziplinäert a souwuel theoreetescht wéi och praktescht Wëssenschaftsgebitt, dat sech am spezielle mat der Erfuerschung vun der Sexualitéit, dem Geschlechtsliewen am wäitste Sënn an all sengen Aspekter an Zesummenhäng befaasst. D'Sexologie begräift e sëllegen Disziplinnen a Komponenten: Biologie, Anatomie, Geneetik, medezinesch Fuerschung a Medezin am Allgemengen, Psychologie, Soziologie, Pedagogie, Philosophie (Eethik a Moral) an och d'juristesch Branche.

An der Medezin ass d'Sexologie am Besonnesche fir d'Diagnostik an d'Therapie vu sexuelle Stéierungen, Krankheeten an Deviatioune relevant.

Bekannt Pionéier a Sexologe waren ënner anerem de Carl Westphal, Sigmund Freud, Magnus Hirschfeld, Karl Giese, Alfred Kinsey.


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter


Um Spaweck änneren

Commons: Sexologie – Biller, Videoen oder Audiodateien