Heteromorphie (aus dem Griichesche vun heteros - "anescht, verschiddenaarteg" a morphe - "Gestalt, Form, Duerstellung") bezeechent gemenkerhand d'Villgestaltegkeet vun enger Saach a Form an Ausgesinn.

Dee Begrëff steet an der Sexologie fir dat "anert" konträert Geschlecht (Mann vs. Fra) an illustréiert dat bildlech un der Morphologie vun der bestëmmter Persoun. Heteromorphie bezitt sech an deem Kontext och op de Phenotyp vun engem Liewewiesen. E Phenotyp (phenotypesch) ass déi integral Duerstellung, d'Zomm vun alle Kennzeechen (Phenen) vun engem Individuum mat senge physiologeschen, morphologesch-anatomeschen an ugeléierten Eegenschaften.

An der Chimie a Geologie sinn domat Stoffer gemengt, déi sech a verschiddene Systemer kristalliséiere kënnen.

An der Biologie gëtt vun heteromorphen Aarte geschwat, wa se onofhängeg vu geneetesche Fakteuren ënnerschiddlech Formen an Ausgesinn entwéckelen.


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter