Phenotyp(us) (ofgeleet vum Griichesche phainomena = dat wat ee gesäit), fir Bild, Ausgesinn, oder Charakteristik) ass de Begrëff fir ugebueren an ugeléiert baussenzeg a bannenzeg Kennzeechen an Eegenschafte beim Mënsch an Déier.

E Phenotyp ass am Géigesaz zum Genotyp - dem sougenannten Ierf- an Ulagentyp - d'integral Duerstellung, d'Zomm vun alle Kennzeechen (Phenen) vun engem Individuum mat senge physiologeschen, morphologesch-anatomeschen a funktionellen Eegenschaften. De Phenotyp gëtt vum Genotyp am Zesummewierke mat e sëllege kulturellen a sozialen Ëmweltaflëss markéiert. D'Markéierung vum Phenotyp weist sech herno unhand vun der Morphologie an der Expressivitéit vum Individuum.

Eng Etüd iwwer Embryone vum Leonardo da Vinci

Phenokopie, Phenogenese

änneren

Duerch exogen Fakteure kann et am Zesummespill mat spezifeschen Ierfulage bei engem Genotyp (z. B. en Embryo) zu Nobildunge vu Manifestatiounsmusteren (Phenokopie) vun engem anere Genotyp kommen, d. h., datt wärend der sensibler Phas vun der Schwangerschaft, der sougenannter Phenogenese vum Embryo, Entwécklungsstéierunge vu verschiddenen Organer optriede kënnen, déi eng méi oder wéineger grouss Verännerung vum urspréngleche Genotyp bewierken.

D'Awierkung vu sou Phenokopië weise sech beispillsweis bei intersexuelle Mënschen, déi mat entweeder duebele bannenzegen oder baussenzegen, mat entstallten oder ënnerentwéckelte Genitalorganer op d'Welt kommen. Ursaache fir sou Phenokopien an der kritescher Phas vun der Schwangerschaft sinn ë. a. Infektioune wéi d'Riedelen, eng staark Stralenexpositioun oder a priori Konsequenzen aus der chromosomaler Konstellatioun an/oder der gonadaler Weiderentwécklung. D'Phene vum gebuerene Kand bleiwe geneetesch op hatt beschränkt. Si sinn net ierflech.

Quellen

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Phenotyppen – Biller, Videoen oder Audiodateien