Nelly Moia
D'Nelly Moia, gebuer de 14. Januar 1938 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Enseignante, Schrëftstellerin a Fotografin.
Nelly Moia | |
---|---|
Gebuer | 14. Januar 1938 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Si war Englesch- an Italieenesch- a Morale-laïque-Professesch an huet zanter den 1950er Joren engagéiert Artikele geschriwwen, meeschtens am Tageblatt an am Lëtzebuerger Land, an deene se fir d'Fraen, fir Ëmwelt- an Déiereschutz an als Atheistin géint d'Institutioun Kierch Stellung geholl huet.
Zu hire Publikatiounen zielen de Minettskalenner (1991); Für die Tiere (1992); Für die Frauen (1992); Géint d'Pafen (1994), Mascarons de Luxembourg (1995); Für die Katz' (1999). Si huet ë. a. och d'Nowuert vum Karlheinz Deschner sengem Buch Für einen Bissen Fleisch. Das schwärzeste aller Verbrechen an d'Virwuert vun der Yvonne Frisch-Urbany hirem Buch Alles in Ordnung geschriwwen. Am Karlheinz Deschner sengem Sammelband Woran ich glaube (1990) ass och eng Kontributioun vun hir ("Marionette mit Herz").
Hir Fotoen huet se ë. a. am Escher Theater ausgestallt:
- La Splendeur du Minett (1987)
- Al Escher (1988)
- Pimpampelen am Minett (1989)
- Trauer in Stein und Bronze (1992)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Nachwort aus K. Deschners Für einen Bissen Fleisch op der Säit vun der Gesellschaft für kritische Philosophie Nürnberg
- Für die Tiere
- Für die Frauen
- Géint d'Pafen
- Mascarons de Luxembourg
- Für die Katz' (Textband)
- Für die Katz' (Fotoband)
- Minettskalenner 1991
- "Erlieft a verzielt." 100komma7.lu, 9. Dez. 2007.
- "Down and out in Paris, Londion and ... Esch." Den Escher Nr 11, Mäerz 2008.