Jean Engling

lëtzebuergeschen Theolog, Kaploun, Archeolog, Historiker, Numismatiker, Auteur a Pedagog

De Jean (oder Johann) Engling, gebuer den 13. Oktober 1801 zu Chrëschtnech, a gestuerwen den 13. Mäerz 1888 um Marienhaff (haut Lampertsbierg), war e lëtzebuergeschen Theolog, Kaploun, Archeolog, Historiker, Numismatiker, Auteur a Pedagog.

Jean Engling
Gebuer 13. Oktober 1801
Chrëschtnech
Gestuerwen 13. Mäerz 1888
Lampertsbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Philolog, Archeolog, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Paschtouer, Lycéesprofesser

Vun 1825 bis 1828 war hie Professer am Collège communal zu Iechternach.
Am Athenäum war hie Philosophie- an Theologie-Professer vun 1841 bis 1869.

Vun 1845 un war hien um Seminär vu Lëtzebuerg an huet do Philosophie an Theologie enseignéiert.

Vun 1853 bis 1876 a vun 1885 bis 1888 war hie President vun der "Archeologescher Gesellschaft", déi 1868 d'Section des sciences historiques vum Institut royal grand-ducal gouf.

Hie war och eng gewëssen Zäit Doumhär vun der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg.

Zu Dummeldeng krut eng Strooss (rue Jean Engling) den Numm vun dësem villsäitege Mann.

D'Persoun Jean Engling

änneren

A senger Portrait-Gallerie[1] schreift de Charles Arendt iwwer den Engling: Im Privatleben war er still und zrückgezogen. Seine Devise lautete «ora et labora». Mit stoischem Gleichmut allen materiellen Genüssen, besonders jedem Luxus entsagend, mochte der bescheidene Mann bei Vielen als Sonderling gelten. Die Wenigen, die ihm näher standen, bewunderten indes seine makellose, segensreiche Eigenart, sein selbstloses Bestreben, der Menschheit nützlich zu sein mittelst rastloser Pflege der Wissenschaft und diskreter Ausübung der Charitas. - Tatsache ist, daß alles, was er durch seine nüchterne Lebensweise erübrigte, den Armen zufloß.

Wierk (Auswiel)

änneren
 
Erënnerungsplack op der Uelegsmille bei Chrëschtnech
  • Geschichte des sogenannten Klöppelkrieges, quellenmäßig dargestellt; Lëtzebuerg, Drock a Verlag vum Victor Bück, 1858.
  • Eine altchristliche Basilika zu Altrier ; in: Organ des Vereins f. christliche Kunst... ; Lëtzebuerg, Nr. 7, 1867, Ss. 36-46.
  • Göthe's achttägiger Aufenthalt in Luxemburg im Oktober 1792. Verlag P. Brück, Lëtzebuerg, 1884, 44 S..

Literatur

änneren
  • Paul Dostert, Jean Engling 1801-1888 ; in: 400 Joer Kolléisch, Bd. III; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 2003; Ss. 265-267.
  • Marcel Ewers-Bartimes, Ein Pionier der Archäologie in Luxemburg - Zum 200. Geburtstag von Professor Jean Engling aus Christnach ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 13.10.2001, S. 6.
  • Martin Blum, Herr Domkapitular Johann Engling, Präsident der hist. Sektion des K.-G. Institutes zu Luxemburg, in seinem Leben und Wirken dargestellt ; in: Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal (PSH), Bd. 15, 1899, S. 16-40.

Referenzen an Notten

änneren
  1. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit. Mit biographischen Notizen. Von K. Arendt, E.-Staatsarchitekt, wirkl. Mitglied der histor. Abthg. des grossh. Instituts. Luxemburg, Druck von M. HUSS. 1904