Eech zu Heeschbreg

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Eech zu Heeschbreg, och nach Bildchenskuescht genannt[1], ass eng Stilleech (Quercus robur) bei Heeschbreg, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

Eech zu Heeschbreg
Bildchenskuescht
D'Eech am September 2009
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bech
Plaz Heeschbreg
Adress CR136
Koordinaten 49°45'9,90"N, 6°19'39,72"O
Bamaart Stilleech
Geschaten Alter 400 Joer
Status Klasséiert Monument
Héicht 19,3 m (2023)
Duerchmiesser 2,34 m (2023)
Ëmfang 8,30 m (1980)
Eech zu Heeschbreg (Lëtzebuerg)
Eech zu Heeschbreg
Eech zu Heeschbreg
Lag vum bemierkenswäerte Bam
Plackett „klasséierte Bam“ op der Eech

Lokalisatioun änneren

De Bam steet am Flouer Beim Bildchen an der Sektioun Heeschbreg an Altréier vun der Gemeng Bech, westlech vum CR136 a ronn 85 m nërdlech vun der N11.

Geschicht änneren

Den exakten Alter vun der Eech ass net bekannt, et gëtt ugeholl si hätt tëscht 300 a 500 Joer. De Forstinspekter Paul Modert bezeechent se an den 1960er Joren als déi stäerkst Eech an deen déckste Bam aus dem Land. Se gëtt och hautdesdaags nach als den déckste Bam aus dem Land ugesinn.

D'Plaz bei der Eech ass och Madonnepilgeruert an an enger Nisch an der Eech aus dem Joer 1817 steet d'Kopie vun enger Mariestatu. Der Seechen no geet déi haiteg Marieveréierung op en Ereegnes vum 30. Mee 1731 zeréck, wéi zwéi vun dräi Bridder bei der Eech vum Blëtz erschloe goufen. Als Merci fir seng Rettung léisst deen drëtten, de Bernard Mathias Deitz, dat bekannt Bild an der Eech opstellen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Heeschbreger Bildchen.

Hanner der Eech geet et an eng Griecht erof mat Fielse mat Schläifrillen aus der Steenzäit[2]. Do goufen neolithesch Steebeilen an där Saache fonnt[3].

Entwécklung änneren

Eng Eech ka bis zu 800 Joer al ginn, allerdéngs ass d'Heeschbreger Eech krank. 1911 war si duerch Käerze bal verbrannt. D'Statu war verkuelt, konnt awer zu Tréier gefléckt ginn. 1929 gouf dunn den Huelraum ausbetonéiert, eng Restauratiounstechnik, déi hautdesdaags net méi ugewannt gëtt. Och duerno gouf d'Eech nach e puermol restauréiert.

Och wann nach déck Äscht weider an d'Luucht wuessen, sinn déi meescht plakeg a ginn dem Bam eng ganz besonnesch Silhouette. En Deel vu senger gebrachener Kroun ass komplett verschwonnen, a grouss Pilze wuessen a sengem Stamm.

D'Eech gehéiert zënter 1938 dem Staat an ass zënter 2004 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert[4].

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer      
1893 5,74 1,83
1958 6,87 2,19
1980 8,30 2,64
2000 7,41 2,36 23,00
2023 7,35 2,34 19,30

Biller änneren

Literatur änneren

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.

Um Spaweck änneren

Commons: Eech zu Heeschbreg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Kuescht oder Kues ass eng al lëtzebuergesch Bezeechnung fir e Bam, meeschtens eng Eech, Buch oder Bierk
  2. cf. Informatioun op engem Panneau op der Plaz
  3. Schneider, Ernest. Material zu einer archäologischen Felskunde des Luxemburger Landes. Luxemburg: V. Buck, 1939. S. 31-32. "Auf der ganzen Gemarkung von Hersberg sind viele vorgeschichtliche und manche gallo-römische Funde gemacht worden. Erwähnenswert sind u. a. die zahlreichen neolithischen Steinbeile sowie die annähernd 40 kleineren Tonfiguren, vorwiegend von Fruchtbarkeitsgottheiten, die in der Nähe des BILDCHESKU'ESCHT, einer hohlen Rieseneiche mit einem Muttergottesbilde am Eingang von Hersberg, entdeckt worden sind."
  4. Arrêté du conseil de gouvernement, séance du 7 mai 2004: Art. 1er. - Est classé monument national le chêne pédonculé connu sous l'appellation « Bildchenkuescht op der Schanz », sis à Altrier-Hesberg, inscrit au cadastre de la commune de Bech, section E d'Altrier, sous le no 385/1744, appartenant au Domaine de l'État. Le terrain de la parcelle cadastrale sera compris dans le classement en qualité de périmètre de protection.
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur