D'Kierch zu Grëmmelescht ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wanseler gehéiert.

Kierch vu Grëmmelescht
Filialkierch vu Grëmmelescht (2014)

Filialkierch vu Grëmmelescht (2014)
Filialkierch vu Grëmmelescht (2014)
Uertschaft / Plaz Grëmmelescht
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Thomas
Koordinaten 49° 59’ 00.6’’ N
      05° 52’ 18.1’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am südlechen Deel vun Duerf op der Duerfstrooss.

Geschicht änneren

Datt Grëmmelescht schonn am Joer 1588 eng Kapell hat geet doraus ervir datt de Paschtouer vun Uewerwampech mat de Mompere vu Grëmmelescht Sträit hat wéinst der "Kiercherechnung".[1]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Näertrech, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Näertrech huet ausser der Filialkierch och nach d'Parkierch vun Näertrech gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Grëmmelescht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Kapitel Grümelscheid am Buch Die Gemeinde Winseler vun 1980, S. 79