Georges Parent
De Georges Henri Parent, gebuer den 1. Oktober 1937 zu Anderlecht (B), a gestuerwen den 10. November 2014 zu Arel (B), war e belsche Professer, Botaniker an Herpetolog.
Georges Parent | |
---|---|
Gebuer |
1. Oktober 1937 Anderlecht |
Gestuerwen |
10. November 2014 Arel |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Botaniker, Enseignant |
Vun 1960 u war de Georges Parent Professer am Lycée et École normale d'Arlon, an duerno bis 1997 an der École normale de Virton, nodeems déi zwou Schoulen 1987 fusionéiert waren. Vum September 1991 bis de September 1993 war hien op Bréissel an den Institut royal des sciences naturelles detachéiert ginn.
De G. Parent, deen 1975 eng botanesch Thees op der Université catholique de Louvain (UCL) presentéiert hat, war e Collaborateur vum Institut royal des sciences naturelles vu Bréissel, dem Jardin botanique national zu Meise, dem Musée d'histoire naturelle vu Bréissel, dem Muséum national d'histoire naturelle vu Paräis (Secrétariat Faune-Flore et Laboratoire Batraciens-Reptiles).
Vun 1985 u war hien och Collaborateur scientifique vum lëtzebuergeschen naturhistoresche Musée. De Georges Parent war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) an Éieremember vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal.
Dem Georges Parent seng intensiv wëssenschaftlech Aktivitéit ass mat enger Rei vu Präisser unerkannt ginn: Prix de l'Académie luxembourgeoise (Arel, 1974) ; Prix H. Lefebvre (Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, 1981) ; Prix François Crépin (Société royale de botanique de Belgique, 1982) ; Prix E. Biliotti (Frankräich, 1988) ; Prix Emiel van Rompaey (Belsch, 1989).
De Georges Parent war Officier de l'Ordre de Mérite (Lëtzebuerg, 1984) ; Chevalier des Palmes académiques (Frankräich, 1998) ; Officier de l'Ordre de la Couronne de chêne (Lëtzebuerg, 2002).
Nieft der Botanik huet de G. Parent sech och mat Herpetologie ofginn. Hien huet iwwer béid Gebidder publizéiert: iwwer 300 Publikatiounen a ronn 200 wëssenschaftlechen Zäitschrëften. Zu Lëtzebuerg huet hien am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois, an den Archives de la Section des sciences de l'Institut grand-ducal an an den Travaux scientifiques du musée national d'histoire naturelle de Luxembourg (Ferrantia) publizéiert.
Publikatiounen (Auswiel)
änneren- Parent, G.H., 1976. Mise au point sur l'herpétofaune de la Belgique, du Grand-Duché de Luxembourg et des territoires adjacents. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 79 (1974), S. 79-131.
- Parent, G.H., 1979. Contribution à la connaissance du peuplement herpétologique de la Belgique et des régions limitrophes. Note 4. La question controversée de l'indigénat de la Cistude d'Europe, Emys orbicularis (Linné), en Lorraine, au Benelux et dans les territoires adjacents. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 38 (1977/78), S. 129-182.
- Parent, G.H., 1980. Les buxaies mosellanes (France, G.-D. de Luxembourg, Allemagne occidentale). Mémoires de la Société royale de botanique de Belgique 8, S. 1-72.
- Parent, G.H., 1982. Bibliographie de l'herpétofaune française: bibliographie critique et indexée de la littérature en rapport avec l'herpétofaune française et comportant des informations chorologiques. Inventaires de faune et de flore, fasc. 17-18, S. 1-431.
- Parent, G.H., 1985. Atlas des batraciens et reptiles de Belgique. Cahiers d'éthologie appliquée 4 (3), S. 1-198.
- Parent, G.H., 1987. La botanique de terrain dans le district lorrain. Vol. 1: 1. Historique. Inventaires de faune et de flore, fasc. 37, S. 1-470.
- Parent, G.H., 1987. La botanique de terrain dans le district lorrain. Vol. 2: 2. Bibliographie, 3. Biographies. Inventaires de faune et de flore, fasc. 38, S. 471-933.
- Parent, G.H., 1989. Essai de délimitation de territoires biogéographiques pour l'herpétofaune du Benelux. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 89, S. 81-103.
- Parent, G.H., 1997. Atlas des Ptéridophytes des régions lorraines et vosgiennes, avec les territoires adjacents. Travaux scientifiques du Musée national d'Histoire naturelle de Luxembourg 25, S. 1-304.
- Parent, G.H., 2001. Le ‘Maitrank’ est-il une spécialité trévire ?, avec des précisions sur l'aire de Galium odoratum dans nos régions. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 101, S. 19-32.
- Parent, G.H., 2002. Trois études sur les Pulmonaires (Pulmonaria L.). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 44, S. 45-100.
- Parent, G.H., 2004. Trois études sur la Zone Rouge de Verdun, une zone totalement sinistrée: I. Herpétofaune. II. Diversité floristique. III. Les sites d'intérêt botanique et zoologique à protéger prioritairement. Ferrantia 38, S. 1-280.
- Parent, G.H., 2006. Les Hêtres tortillards, Fagus sylvatica L. var. tortuosa Pépin, de Lorraine, dans leur contexte européen. Ferrantia 48, S. 1-78.
- Parent, G.H., 2011. La flore calcicole et basophile du Massif vosgien. Ferrantia 63, S. 1-50.
Literatur
änneren- Massard, J.A. & G. Geimer, 2015. Le bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) et ses auteurs depuis 1990, une sélection de notices bio-bibliographiques. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116: 457-504 [Georges H. Parent: S. 484-486].
- Renner, M. & Antoine, S., 2016. In memoriam Georges Henri Parent (1937-2014). Bulletin de la Société d'histoire naturelle de la Moselle 53, S. 9-12.