D'Astronomesch Breet – dacks och Polhéicht genannt – ass den Héichtewénkel vum nërdlechen (resp. südlechen) Himmelspol um Standpunkt vum Observateur.

Astronomesch Breet = Polhéicht = Wénkeldistanz vum Zenit vum Equator (D'Sonn ass hei um Himmelsequator gezeechent)

Si bezitt sech net direkt op d'Äerdkugel resp. den Äerdellipsoid, mä op déi real (physikalesch) Vertikal, an entsprécht der Deklinatioun vum Zenit.

Astronomesch Koordinaten a Loutofwäichung änneren

D'astronomesch Breet däerf net mat der geographescher Breet gläichgesat ginn, obwuel dat zanter den Expeditioune vum 15. Joerhonnert dacks geschitt. Déi béid Breeten ënnerscheede sech ëm d'Loutofwäichung – d. h. ëm dee klenge Wénkel ξ, ëm deen déi real Loutrichtung vun der theoreetescher Normalen op d'Äerdellipsoid ofwäicht. A Formele gëtt deen Ënnerscheed meeschtens duerch d'Formelzeechen φ' (resp. B' ) betount, géigeniwwer φ (resp. B) fir déi geographesch Breet. Als Folleg vun der Loutofwäichung gëllt also fir déi astronomesch Breet an hire Pendant, déi astronomesch Längt:

φ' = φ + ξ
λ' = λ + η cosφ

Déi béid Komponente vun der Loutofwäichung (ξ, η) ginn duerch d'Masseonreegelméissegkeeten / Gravitéitsanomalië vum Äerdkierper bedéngt ronn 50″ (0,005°) erreechen. Op engem Punkt op Mieresniveau ass ξ d'Wénkeldifferenz tëscht dem realen Horizont (Geoid) an dem ellipsoideschen Horizont.

 
Loutofwechung: Differenz tëscht realer Loutrichtung an engem theoreeteschen Äerdellipsoid. Si bewierkt eng visuell Uertsverrécklung a beaflosst all terrestresch Richtungsmiessungen

D'astronomesch Breet ass also engersäits e physikalesche Faktum vum Äerdschwéierfeld, kann awer anerersäits geometresch – als Wénkel tëscht Loutrichtung an Himmelsequator – opgefaasst ginn (kuckt d'Bild niewendrun). Deemgéigeniwwer ass déi "geographesch" Breet eng physikalesch Fiktioun – also e Wénkel, deen nëmmen op engem idealiséierten Äerdellipsoid definéiert ass a vun deem senge Formparameteren ofhänkt.

Fir dëser Méideitegkeet vum Begrëff "Breet" Rechnung ze droen, schwätzt een an der Geodesie besser vun "ellipsoidescher" (geodetescher) Breet ewéi vu geographescher Breet. Wéinst der Äerdofplattung (Ofwäichung vun der idealer Äerdfigur vun der Kugelform) gëtt et an de Geowëssenschafte souguer nach en drëtte Breetebegrëff, d'geozentresch Breet.

Zesummefaassung änneren

Astronomesch Breet φ, B'
de Wénkel tëscht der tatsächlecher Loutrichtung an dem Equatorplang (Himmelsequator). D'Differenz zu der ellipsoidescher Breet ass d'Nord-Süd-Komponent (ξ) vun der Loutofwäichung.
Ellipsoidesch Breet φ, β, B
Gëtt als Äerdmodell e Rotatiounsellipsoid benotzt, sou entsprécht si dem Wénkel tëscht dem Equatorplang an der Ellipsoidnormaler. Si gëtt och geodetesch Breet genannt an an der Landesvermiessung a Kartographie benotzt. Bei Uertsbestëmmunge mat GPS erhält een och ellipsoidesch Koordinaten (Breet a Längt).
Geozentresch Breet ψ
d'Richtung zum Äerdmëttelpunkt. Loutrichtung an Ellipsoidnormale verlafen – mat Ausnam um Equator an un de Polen – net duerch den Äerdmëttelpunkt. Déi geozentresch Breet ënnerscheet sech vun der geodetescher resp. ellipsoidescher Breet ëm bis zu 0,2°.

Miessmethoden an Instrumenter änneren

D'Miessung vun der astronomescher Breet (zesumme mat der Längt fréier fälschlechweis als Astronomesch Uertsbestëmmung bezeechent) ka mat ettleche Methode vun der Astrogeodesie oder der Astrometrie erfollegen. Bei bekannte Koordinaten vun den observéierte Stäre sinn déi geneeste Methoden (jee no Opwand 0,3″ bis 0,05″ pro Owend):

Déi leschtgenannt 3 Methode sinn haut (mat modernen Instrumenten) am séiersten ze maachen. Si béid Komponente vun der Loutrichtung (nieft B och L) gewënscht, ass d'Method vu gläichen Héichte mat engem Ni2-Astrolab am ekonomeschsten, an am geneeste mat engem Danjon-Astrolab.

Gëeegnet Miessinstrumenter vu Wénkelmethode sinn d'Universalinstrument (oder e geneeën Theodolit mat Zenitprisma), en Transit- oder Passageninstrument. Déi héichst Prezisioun ass mam Zenitteleskop z'erreechen – visuell ongeféier 0,1″, fotografesch oder fotoelektresch och nach méi genee.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie