Äerdmodell
Als Äerdmodell gëtt an de Geowëssenschafte eng mathematesch Duerstellung vun der Äerdfigur oder e mathematesch-physikalesche Modell vum Äerdkär bezeechent. Wann een d'Ofwäichunge vun de Modelleegenschafte vum tatsächlechen Äerdkierper ënnersicht, léisst sech d'Aerdfigur an de bannenzegen Deel vun der Äerd schrëttweis ëmmer méi genee erfuerschen.
Eegenschaften a Phenomeener, déi fir déi Analys gebraucht ginn, sinn ënner anerem:
- geometresch Parametere wéi Gréisst a Form vum Äerdellipsoid, Richtung a Vitess vun der Äerdrotatioun, Ännerunge vun der Äerdrotatioun, Polbeweegung, Prezessioun an Nutatioun
- Physikalesch Felder (Schwéierfeld, Magnéitfeld, elektresch Potentialer, Schwéngungen a Geoseismik
- physikalesch Parametere vum Schichtopbau (Äerdkuuscht, Äerdmantel an Diskontinuitéite déi dertëscht leien), mëttel Dicht an Elastizitéitsmodülle vun den eenzele Schichte, Gestengsart, Drock, Temperatur, Wäermestroum asw.
An der Geodesie gi passend mat méiglechst wéinege Parameteren Äerdmodeller och als Bezuchssystem fir Koordinaten op der Äerduewerfläch gebraucht, souwéi fir kuerzfristeg geodynamesch Virgäng a Beweegungen déi laang daueren (z. B. Kontinentaldrift).
An der Gravimetrie a Seismologie dénge Modeller vun den déiwen Äerdschichten derzou fir Anomalien an hirer Lagerung, Dicht, Elastizitéit oder Zesummesetzung, festzestellen. D'Ugewant Geophysik kann iwwer d'Interpretatioun vu Schwéieranomalien oder seismescher Reflexe op ënnerierdesch Lagerplaze schléissen, wärend déi Theoreetesch Geophysik an d'Äerdmiessung (Astronomesch a Physikalesch Geodesie) duerch Verglach vu Modell an Observatiounen de groussraimegen Opbau vum Äerdkierper a säi Verhalen als Planéit erfuersche kann.
Kuckt och
änneren- Geodetescht Äerdmodell
- Geophysikalescht Äerdmodell NUVEL