Kierch Béiwen-Atert

kathoulesch Kierch

D'Kierch vu Béiwen un der Atert ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord an zu der Gemeng Helperknapp gehéiert.

Kierch vu Béiwen-Atert
Kierch vu Béiwen-Atert (2013)

Kierch vu Béiwen-Atert (2013)
Kierch vu Béiwen-Atert (2013)
Uertschaft / Plaz Béiwen-Atert
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord‎
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Mariä Gebuert
Konsekratioun 1868
Baujoer 1853
Koordinaten 49° 45’ 15.5’’ N
      06° 01’ 40.8’’ O
D'Kierch vu Béiwen-Atert (Ostsäit)

D'Kierch vu Béiwen-Atert (Ostsäit)
D'Kierch vu Béiwen-Atert (Ostsäit)
Kierchen - Kapellen

Si steet zentral am alen Duerfkär op der Helpert-Strooss, dem CR114. De Kierfecht ass nieft der Kierch ugeluecht.

D'Kierch ass der Gebuert vun der Muttergottes Maria geweit, an huet als Niewepatréiner den hellege Vältes.

Op Vältesdag gëtt vum Béiwener Männerchouer eng Kënnbakestee organiséiert. Den Erléis ass zu Gonschte vum Kiercherot.

Bis de 6. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Mariä-Gebuert Béiwen/Atert, zanter dem 7. Mee 2017 ass s'eng Filialkierch vun der Par Äischdall-Helpert St. Willibrord.

Gebai änneren

Et ass e Bauwierk vun 1853. 1967 gouf de Chouer reamenagéiert.

Nodeem am Joer 2005 d'Fassad an den Heizungsraum erneiert goufen, krut d'Kierch 2008 en neien Ustrach bannenan.

Klacken änneren

Am Tuerm vun der Béiwener Kierch hänken dräi Klacken déi an den Téin c" b' g' lauden.

Paschtéier zu Béiwen-Atert änneren

  • Johann Nicolas Majeres vu Beeler; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 26.07.1854 – 25.04.1856
  • Johann Frank vun Esch-Uelzecht; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 15.06.1856 – 12.06.1869
  • Johann Weis vu Gonnereng; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 16.09.1869 – 11.06.1884
  • Johann Peter Peffer vu Lelleg; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 16.07.1884 – 20.04.1887
  • Johann Peter Mergen vu Lelleg; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 22.04.1887 – 12.12.1894
  • Theodor Bertrang vun Hamm; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 19.12.1894 – 01.10.1900
  • Nicolas Drees vun Elveng (Remich); Paschtouer zu Béiwen-Atert 01.10.1900 – 20.10.1905
  • Johann Erpelding vu Roudemer; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 20.10.1905 – 21.08.1919
  • Pierre Frommes vu Reisduerf; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 17.09.1919 – 1943+
  • Léon Schütz; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 1943 - 25.07.1961
  • Joseph Hansen vu Steesel; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 25.07.1961 – 29.06.1970
  • Charles Guill vun Hollerech; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 29.06.1970 – 05.07.1997
  • Ferdy Fischer vu Keel; Moderator vum Pastoralteam: 05.07.1997 - 21.08.2004
  • Joël Santer vu Wecker; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 21.08.2004 -

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Béiwen-Atert – Biller, Videoen oder Audiodateien