Gare Manternach

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vu Manternach ass eng Gare op der CFL-Linn 3, der sougenannter Tréierer Streck, tëscht der Gare Wecker an der Gare Mäertert vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit bei der Barriär um CR137.

Gare Manternach
Streck 3
PK 30,594
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Manternach
Gemeng Manternach
Kanton Gréiwemaacher
Koordinaten 49° 42’ 23’’ N
      6° 25’ 24’’ O
Websäit CFL.lu
En Zuch an der Entrée vun der Manternacher Gare

D'Tréierer Streck féiert vu Lëtzebuerg bis op Waasserbëlleg an da weider op Tréier a Wittlich.

D'Gare vu Manternach huet e gratis Park & Rail-Parking mat 19 Parkplazen a spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Wecker   RB
CFL-Linn 30 
  Mäertert Waasserbëlleg

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Manternach – Biller, Videoen oder Audiodateien