Gare Wecker

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der CFL-Gare vu Wecker. Fir d'Uertschaft do dernieft, kuckt wgl. Wecker Gare.

D'Gare vu Wecker ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit op der Wecker Gare um CR134 an der Sektioun Biwer vun der Gemeng mam selwechten Numm. Ëstlech vun der Gare läit d'Barriär PN.71.

Gare Wecker
Dat aalt Gebai vun der Gare, haut Siège vun engem Ingenieursbüro (2025)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1861
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Biwer
Uertschaft Wecker
Koordinaten 49°42'0,450"N, 6°23'15,245"O
Héicht i. M. 216 m
Reseau
Statiounscode Wk
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Streck(en) CFL-Linn 3
Gleiser 4 (dovun 1 Iwwerhuel– an 1 Ofstellgleis)
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 113.703
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Betzder,
Gare Manternach
Kaart
Lag vun der Gare Wecker

D'Gare Wecker gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier - (Wittlich) vum CFL-Zuchreseau. Se läit tëscht der Gare Betzder an där vu Manternach. Bei der Gare ass e Park & Rail-Parking mat 44 Plazen an zwou spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Et gëtt keng Bikebox fir säi Vëlo ënnerdaach ze stellen.

Den Accès fir an d'Ënnerféierung fir de Quai ze wiesselen ass net behënnertegerecht.

D'Voyageurs-Gebai an déi al Lampisterie vun der Gare goufen den 13. Juni 2022 als Nationaalt Kulturierfschaft klasséiert.[1]

Zich déi an der Gare halen

änneren

(Stand: Februar 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Waasserbëlleg ↔ Tréier ↔ (Wittlich)

änneren

Richtung Waasserbëlleg

änneren
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Betzder   RB   Manternach Waasserbëlleg
Lëtzebuerg Betzder   RB   Manternach Tréier - Wittlich

Richtung Lëtzebuerg

änneren

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
   Commons: Gare Wecker – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).