Gare Grondhaff

fréier Gare zu Lëtzebuerg

D'Grondhaffer Gare war eng Persounen- a Marchandisegare um Grondhaff, am Kanton Iechternach.

Gare Grondhaff
D'Gare am Januar 1945
Streck Ettelbréck-Waasserbëlleg
Grondhaff-Beefort
PK 18,20
0,224
Quaien
Gleiser
Uertschaft Grondhaff
Gemeng Bäerdref Beefort
Kanton Iechternach
Koordinaten 49° 50’ 9.39’’ N
      6° 19’ 46.66’’ O

Streck Ettelbréck-Waasserbëlleg änneren

D'Gare louch op enger Héicht vun 172 Meter um PK 18,2 op der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg, tëscht de fréiere Garen Déiljen a Bollenduerfer Bréck. Se gouf 1873 a Betrib geholl an 1964 zougemaach.

D'Gebai vun der Grondhaffer Gare war am Ufank just e klengt Fachwierkhaus, westlech vun der Schwaarzer Iernz. Eréischt méi spéit gouf méi e grousst Garegebai gebaut. Dëst klengt Gebai, déi sougenannt „Privatgare” gouf méi spéit ofgedroen an op der Bollenduerfer Bréck nees opgeriicht. Et gouf de 14. Mee 1991 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[1].

Streck Grondhaff-Beefort änneren

Vun 1904 u bestoung zousätzlech nach eng Schmuelspuerbunn déi bei d'Steebréch vun Déiljen a vun 1911 och fir de Passagéiertrafic op Beefort gefouert huet. Fir d'Ëmluede vun de Waggone vun der Normalspuer op d'Rullbéck vun der Schmuelspuer huet d'Grondhaffer Gare misse vergréissert ginn. 1902 gouf e Kredit vu 464.000 Frang accordéiert, dee méi spéit nach ëm 29.000 erweidert gouf. D'Aarbechte fir den Ausbau goufe vun zwou regionalen Entreprisen (Schweitzer vu Konsdref a Schiltz vum Scheedgen) realiséiert.

D'Zich vun der Schmuelspuerbunn sinn am Gidderhaff vun der Gare fortgefuer, ier s'iwwer d'Nationalstrooss a laanscht den Hang eropgefuer sinn.

 
D'Gebai vun der fréierer Privatgare, dat op der Bollenduerfer Bréck nees opgeriicht gouf

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).