Gare Colmer-Usines

fréier Gare op der Atertlinn

D'Gare Colmer-Usines ass eng fréier Gare zu Colmer-Bierg, déi vun 1880 bis 1969 a Betrib war. Se läit op der CFL-Streck 2b (Ettelbréck - Biissen), dem eenzegen Deel vun der fréierer Atertlinn deen nach fir de Gidderverkéier op ass.

Gare Colmer-Usines
Streck 2b
PK 47,525
Quaien
Gleiser 2
Uertschaft Colmer-Bierg
Gemeng Colmer-Bierg
Kanton Miersch
Koordinaten 49° 48’ 28.8’’ N
      6° 05’ 34.6’’ O

Geographie änneren

D'Gebai läit op enger Héicht vu knapps 209 Meter am Ënneschte Wee, um P.K. 47,525 tëscht der Gare vu Schieren an der fréierer Gare vu Biissen.

Geschicht änneren

D'Gare Colmer-Usines ass den 20. Abrëll 1880 vun der Prënz Hari Eisebunnsgesellschaft, zesumme mat der Atertlinn vu Stengefort op Ettelbréck, opgemaach ginn.

Wéi de 5. Abrëll 1969 mam Persouneverkéier op der Atertlinn opgehale gouf, ass d'Gare och zougemaach ginn. D'Gebai vun der fréier Gare an d'Quaie bestinn nach. An der Gare leien zwéi Gleiser, sou datt d'Gare haut nach e Kräizungspunkt vun de Gidderzich ass, déi op der Streck 2b fueren.

Persouneverkéier änneren

D'Gare ass zanter dem 5. Abrëll 1969 zou a se gëtt och net vun enger Buslinn ugefuer. D'Bushalt Colmar-Usines vun enger Rëtsch RGTR-Linne läit ronn 370 Meter méi südlech, beim Goodyear-Wierk.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Colmer-Usines – Biller, Videoen oder Audiodateien