Infrabel Linn 167 / Attem - Autelbas
Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnelen - Barriären Km
Uschloss: Lëtzebuerg Bertrix/Libramont
Attem
Miezeg
Uschloss:
Arel

D'Infrabel-Linn 167 ass eng Zuchstreck déi Attem mat Autelbas am Oste vun Arel verbënnt. Si ass eng Verbindung tëscht de groussen Ardennenachse vun de Linnen 162 an 165.

Entwécklung änneren

  • 1862: Arel - Autelbas - Attem
  • 1863: Attem - Lonkech
  • 1873: CFL-Linn 6 gëtt bis Rodange gebaut.
  • 1874: Linn 171 tëscht Rodange an Attem. Si huet vun Ufank un zwee Gleiser.
  • 1876: Autelbas - Attem kritt en zweet Gleis.
  • 1877: Vun Attem gëtt eng Streck op Signeulx gebaut. Dat ass dat éischt Stéck vun der Linn 165.
  • 1884: Och Attem - Lonkech kritt en zweet Gleis.

Schonn 1970 fiert de leschte Persounenzuch iwwer d'Linn 167 a Frankräich. Vun den 1970er Joren u verschwënnt dann d'Stolindustrie aus dem Dräilännereck an de Giddertransport hëlt staark of. Déi vun do un iwwerdimensionéiert Gleisanlage gi schrëttweis zeréckgebaut.

1988 gëtt d'Streck Attem-Lonkech eegleiseg zeréckgebaut a mat enger 25kV 50Hz Catenaire ekipéiert, fir datt d'SNCF mat hiren elektresche Lokomotive bis Attem fueren kann.

1991 gëtt eent vun de Gleiser vun der Streck Autelbas - Attem ofgerappt. Datt se net komplett ofgerappt gouf, war well s'eng Alternativ fir den internationalen Trafic war, am Fall wou et op der Streck Namouer-Lëtzebuerg zu Problemer kéim.

1993 gëtt Attem - Lonkech ofgerappt an 1994 duerch d'Éibenger Kéier ersat. De Lokomotivwiessel mat der SNCF ass vun do un zu Rodange. Fir d'SNCB an d'CFL huet déi nei Verbindung de Virdeel datt d'Gidderzich direkt op Lëtzebuerg fuere kënnen, ouni zu Attem Kapp ze maachen.

2002 gëtt d'Linn 167 am Kader vun der Elektrifizéirung vun der Linn 165 mat elektrifizéiert. Tëscht Attem an der Sortie vum Triage, ass et eng 25kV 50Hz Wiesselstroumcatenaire, an tëscht der Sortie vum Triage an dem Y bei Autelbas eng 3kV Gläichstroum Catenaire.

Zich déi iwwer d'Linn 167 fueren änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Infrabel-Linn 167 – Biller, Videoen oder Audiodateien