D'CFL-Linn 80 ass eng Eisebunnslinn déi vun der SNCB a vum CFL um belschen Eisebunnsnetz tëscht der Areler Gare a Virton exploitéiert gëtt. Tëscht de Garen Attem a Rodange leeft d'Linn parallel zur CFL-Linn 70 déi an deenen zwou Garen eng Korrespondenz op Lëtzebuerg gëtt.

Se benotzt dofir d'Gleiser vun de belsche Linnen 165 an 167. Ënner der Woch gëtt d'Linn vun der SNCB am 2-Stonnentakt mat AR 41 befuer. Parallel dozou assuréiert d'CFL fir d'Steck Rodange - Attem e Stonnentakt.