D'Gare Miezeg ass eng Gare um Terrain vun der Gemeng Miezeg op der Eisebunnsstreck Arel-Attem um Kilometerpunkt 209,8. Se gëtt vun der CFL-Linn 80 ugefuer.

D'Gare vu Miezeg (2007)

Déi éischt Halt gouf et op dëser Plaz 1862. Tëscht 1988 an 2008 louch d'Gare brooch, well et kee Persounentrafic gouf.

Wärend den 20 Joer an deene kee Persounenzuch zirkuléiert huet, war d'Streck eegleiseg zeréckgebaut an elektrifizéiert ginn. Dowéinst gouf 2007 ob där Plaz wou fréier dat liquidéiert zweet Gleis louch, e komplett neie Quai gebaut.

Haut ass d'Gare vu Miezeg virun allem wichteg fir Frontalieren déi iwwer Arel an Attem op Lëtzebuerg schaffe fueren.

Mëtt 2010 gouf ugefaangen den Ënnerdaach ze restauréieren.[1]. D'Schëlter mat der Opschrëft Messancy, um Bild hei niewendrun nach net ze gesinn, ware schonn am Joer 2009 opgeriicht ginn.

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Arel Arel   L
CFL-Linn 80
An der Woch
  Attem Virton / Libramont

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Miezeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Op der Plaz festgestallt den 2.Juli 2010 vum Les Meloures