Dan Biancalana
Den Dan Biancalana, gebuer de 6. November 1977 an der Stad Lëtzebuerg[1] an opgewuess zu Diddeleng[2], ass e lëtzebuergesche Kriminolog a Politiker (LSAP). Hien ass zanter Dezember 2014 Buergermeeschter vun der Gemeng Diddeleng[3].
Dan Biancalana | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Daniel Adriano Biancalana |
Gebuer |
6. November 1977 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Kriminolog |
Partei | LSAP |
Den Dan Biancalana huet e Graduat fir Assistant social, an huet seng Studien an der Belsch an an Italie mat enger Licence an engem DEA a Kriminologie ofgeschloss. Hie schafft beim Service Central d'Assistance Sociale um Stater Parquet général.
1994 gouf hie Member vun de Jeunesses socialistes, wouvunner en 2002 de President vun der Diddelenger Sektioun gouf, a kuerz drop den Nationalsekretär, an dono vun der LSAP, vun där en Member vun hirem Exekutivbüro op nationalem Plang ass, a vun 2012-2016 de President vun hirer Diddelenger Lokalsektioun war. Vum Januar 2019 bis Mäerz 2022 war hie Vizepresident vun der LSAP[4], zanterdeems ass hien, zesumme mat der Francine Closener, Kopresident.[5]
Bei de Gemengerotswalen 2005 gouf hien an den Diddelenger Gemengerot gewielt a gouf do Drëtte Schäffen. No de Gemengerotswale vun 2011 gouf en Éischte Schäffen. Den 11. Dezember 2014[6] gouf hien als Nofollger vum Alex Bodry zum neie Buergermeeschter vun Diddeleng vereedegt.
Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien am Walbezierk Süde fir d'LSAP an d'Chamber gewielt[7].
Den Dan Biancalana ass zanter 2004 President vun der Association Luxembourgeoise de Criminologie (ALC) an zanter 2005 vun Diddeleng Hëlleft. Zanter 2014 ass hien och President vum Office Régional de Tourisme Sud a vu PRO-SUD.
Um SpaweckÄnneren
- Nei Deputéiert: Dan Biancalana vun der LSAP Reportage op rtl.lu den 28. Oktober 2018, fir d'lescht gekuckt den 30. Oktober 2018
ReferenzenÄnneren
- ↑ Gebuertsannonce am Luxemburger Wort vum 10. November 1977, S.16
- ↑ "Dan Biancalana à Dudelange: 'Je compte être un bourgmestre à temps plein'. wort.lu, 10 novembre 2014 à 18:20.
- ↑ Source vum Artikel, wou net anescht uginn: "Bourgmestre Dan Bianclana" op dudelange.lu.
- ↑ "De Franz Fayot ass neien LSAP-President, Tom Jungen Generalsekretär ". rtl.lu, 23.01.2019, 08:25:03.
- ↑ "LSAP-Kongress: Dan Biancalana an d'Francine Closener an déi nei Duebelspëtzt gewielt." rtl.lu, 05.03.2022.
- ↑ "Assermentation de plusieurs bourgmestres et échevins." Communiqué op gouvernement.lu, 12.12.2014 (08:21)
- ↑ elections.lu.