De GSM-R, Ofkierzung fir Global System for Mobile Communications-Railway, ass e Kommunikatiounssystem fir d'Eisebunn. E baséiert um Funkstandard GSM a gouf fir d'Eisebunnen ugepasst. Et ass en einfache System fir den Austausch vun Informatiounen tëscht dem Buedempersonal an dem Zuchpersonal, sief dat mëndlech oder iwwer Donnéeën.

GSM-R-Basisstatioun op der Héichvitessstreck Nürnberg–Ingolstadt–München

De GSM-R ass eng vun den zwou Basiskomponente vum ERTMS. Déi aner ass den ETCS.

GSM-R bei der CFL änneren

De GSM-R soll bei der CFL all analog Eisebunnsfunksystemer ofléisen, nämlech den Zuchfunk (A-Kanal), de Rangéierfunk (C-Kanal) an de Maintenancefunk. En Zuch ass an dësem System iwwer eng eege Ruffnummer erreechbar.

Den 30. Mäerz 2016 huet d'CFL d'éisträichesch Eisebunnstelekommunikatiounfirma Kapsch CarrierCom mam Opbau vun engem nationale GSM-R baséierte Kommunikatiounsreseau beoptraagt[1]. 271 Eisebunnskilometer sollte sou bis Ufank 2017 mam GSM-R ekipéiert sinn. Deen Delai konnt net agehale ginn, sou datt en elo de 15. August 2018 soll ulafen.[1]

Technik änneren

Rufnummereplang änneren

D'SRS Spezifikatioun[2] vum EIRENE-Projet definiéiert e fixe Rufnummereplang fir GSM-R. Definéiert gi Rufnummere-Prefixer.

Prefixer Definitioun vun der Benotzung
1 Uruff op eng Kuerzwiel
2 Funktiounsrufnummer vun engem Zuch
3 Funktiounsrufnummer vun engem ugedriwwene Gefier
4 Rufnummer vun engem Waggon
50 VGCS-Uruff
51 VBS-Uruff
52-55 Reservéiert fir internationale Gebrauch
56-57 Reservéiert fir nationale Gebrauch
58 Reservéiert fir de System (mat VGCS-Signalisatioun)
59 Reservéiert fir de System (mat VBS-Signalisatioun)
6 Membere vu Maintenance- a Rangéiergruppen
7 Zuchbegleeder
8 Mobile Subscriber Rufnummer
9 Breakout-Rufnummer; e Breakout ass en Uruff an en anere GSM-R Réseau
0 Reservéiert fir den Zougang zu ëffentleche Reseauen an zu anere GSM-R Reseauen

Funktiounsruffnummeren änneren

 
GSM-R-Mobilfunktelefon

Mat der Ruffnummer 1300 erreecht een de lokalen zoustännege Chef vum Fuerdéngscht.

  • 1 als Kennzuel fir en Uruff op eng Kuerzwiel
  • 300 fir de regional passenden, éischte Chef vum Fuerdéngscht

Mat der Ruffnummer 21768701 erreecht een de Lokführer vun engem Zuch.

  • 2 als Kennzuel fir eng Funktiounsruffnummer an engem Zuch.
  • 17687 ass d'Zuchnummer
  • 01 ass den éischte Lokführer an deem Zuch.

Frequenzbänner änneren

GSM-R funktionéiert mat de GSM-Frequenzbänner 900 an 1800 MHz. Si ginn iwwerall op der Welt fir GSM-R benotzt.

Europa änneren

  • An Europa sinn d'CEPT-Memberstaaten (alleguer d'Länner déi an der EU sinn, souwéi nach Albanien, Andorra, Aserbaidjan, Wäissrussland, Bosnien an Herzegowina, Georgien, Island, Liechtenstein, Moldawien, Monaco, Montenegro, Nordmazedonien, Norwegen, Russland, San Marino, Serbien, d'Schwäiz, d'Tierkei, d'Ukrain an de Vatikanstad) an de Projet mat agebonnen.
  • An Europa gëtt op follgende Bandbreeten (900 MHz) gesent:
  • 876–880 MHz fir den Uplink, also fir d'Sende vun Daten[3].
  • 921–925 MHz fir den Downlink, also d'Empfänke vun Daten.

Betrib am GSM-Modus änneren

Fir GSM-R am GSM-Modus/Netz ze benotze musse follgend Funktioune gëllen:

  • D'Ënnerstetzung vun der Funktiounsruffnummere fir Sprooch- an Datenuriff.
  • D'Funktiounsruffnummere musse vum Netz opgeléist an op den Endgeräter an Textform duergestallt ginn.
  • D'Uruffzoustellung ofhängeg vun der Openthaltsplaz muss méiglech sinn. Sou kann, ofhängeg vun der Openthaltsplaz, mat der selwechter Funktiounsrufnummer den zoustännege Fuerdéngschtleeder erreecht ginn.
  • D'Implementéierung vun engem eisebunnsspezifeschen Noutruff.
  • D'Implementéierung vun den Advanced Speech Call Items ass erfuerderlech.
  • D'Ënnerstëtzung vum Déngscht VBS (Voice Broadcast Service) ass noutwendeg. Dobäi handelt et sech ëm en unidirektionellen Uruffdéngscht, bei deem méi wéi zwee Endgeräter ugeruff kënne ginn: Si kënnen awer nëmmen nolauschteren, a selwer net schwätzen.
  • D'Ënnerstëtzung vum Déngscht VGCS (Voice Group Call Service) ass noutwendeg. Dobäi handelt et sech ëm e bidirektionellen Uruffdéngscht, deen zäitgläich u ganz Benotzergruppen zougestallt gëtt an an dem all d'Participante schwätze kënnen.
  • D'Ënnerstëtzung vu Funktiounsrufnummere fir VBS a VGCS ass noutwendeg. Hei mussen Adresséierungsméiglechkeete wéi beispillsweis all d'Zich oder all d'Zuchpersonal ënnerstëtzt ginn.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Réseau Ferré Luxembourgeois Document de Référence du Réseau 2018 Version 1.3 3.7 Développement de l'infrastructure
  2. SRS-Spezifikatioun vum GSM-R
  3. Plan d'allottissement et d'attribution des ondes radioélectriques au Luxembourg Réseaux des chemins de fer (GSM-R)